Episoden
Wéinst dem Irankrich: Nieft dem Diesel, gëtt och den Dünger méi deier
Mir froen de President vun der Landwirtschaftskammer, de Christian Hahn, wéi grouss den Impakt op d'Lëtzebuerger Baueren ass.
Charles Goerens
Mam Europadeputéierte vun der DP geet rieds iwwer de Konflikt am Noen Osten a seng politesch, strategesch, ekonomesch an humanitär Konsequenzen.
KI an der Sozialaarbecht - wéi passt dat zesummen?
Och wann een et op den éischte Bléck villäicht net mengt - d’KI ass och am soziale Secteur scho laang ukomm.
Editioun 7h15
Europa soll dem Trump d'Stier bidden, eng kritesch Héichwaasseretüd a weider Informatiounen an der Affär Dan Santos, dat sinn d'Themen an der Presserevue
Taux d'allaitement geet an d'Luucht - et gëtt awer nach Handlungsbedarf
Den Taux d’allaitement hei am Land huet sech an de leschten 10 Joer verbessert. D'Hiewan Kristel von Laufenberg gesäit awer nawell nach Handlungsbedarf.
Living Memory
D’Historikerin Blandine Landeau huet eng 50 Gespréicher mat Iwwerliewende vun der Shoah, déi e Lien mat Lëtzebuerg haten, geféiert an op Video festgehal.
Assemblée Citoyenne an der Escher Gemeng
Wéi sollen déi nei Quartieren zu Esch sech entwéckelen a virun Allem wéi kann een den Zesummenhalt an d’Zesummenliewen zu Esch nach garantéieren?
Editioun 8h15
Gewalt am ëffentlechen Transport, Kritik un der FindelMedic, eng Warnung vum neien Direkter vun MSF Lëtzebuerg an en Traditiounsveräin am Minett dee verschwënnt, sinn Theemen
Rëss an der Brandmauer
Am Europaparlament solle Membere vun der EVP sech mat Vertrieder vun der Extrême-droite an der Migratiounsfro ofgeschwat hunn. D'Reaktioun vun der Isabel Wiseler-Lima.
Steve Vermeer
De Spriecher vun der Fédération des développeurs immobiliers betount, et géif net genuch gebaut ginn. Dorënner géifen net nëmmen d'Promoteuren, ma och d'Wirtschaft leiden.
9 Demissioune bei ADR International - d'Parteipresidentin ass "iwwerrascht"
De fréiere President vun der ADR International geheit der Mammepartei "xenophob Ofdriftunge" fir. D'ADR-Presidentin seet awer et hätt keen d'Gespréich mat hir gesicht.
Editioun 7h15
Den Ausseminister, deen sech als Chef vun engem Reesbüro inzenéiert, rumänesch Polizisten am Asaz an der Stad a Probleemer mat Dreck op der Escher Plaz am Boltgen sinn Theemen
Wien ass de Mojtaba Khamenei?
Dem neien iranesche Staatschef a Reliounsleader sollen Immobilien am Wäert vu 400 Milliounen Euro uechter Europa gehéieren, huet eng Enquête vun der Medienagence Bloomberg erginn.
Bilan vum LuxFilmFest
De Jeff Schinker aus der Kulturredaktioun kuckt op d'Editioun 2026 zeréck. Gewënnerfilm ass den nigerianesche My Fathers’s Shadow vum Akinola Davies Jr.
Gemengewalen a Frankräich
Gëschter waren a Frankräich d’Gemengewalen. Déi politesch Kris vun de leschte Joren huet sech an enger niddreger Walbedeelegung zeréckgespigelt.
Editioun 8h15
E Jong vu siwe Joer fënnt eng gebrauchte Sprëtzt hannert der Schoul, spillt domat an hëlt se mat, mat der Konsequenz, datt hien e Mount laang eng anti-HIV-Behandlung muss maachen
Affär Wilmes: Zwee Patiente schwätzen iwwer hir Erfarungen
De Radio 100,7 huet mat zwee Patiente geschwat, déi vun de lafende Prozeduren an der Affär Wilmes concernéiert sinn.