Episoden
Ausginn oder spueren? Schoulkanner zu Contern léieren alles iwwer Suen
An der "Woch vun de Suen" dréit sech an de Grondschoulen alles em Geld an e verantwortungsvollen Ëmgang domadder.
Fënster Op: D'Radios-Sendung an där 190 Nationalitéiten zu Wuert kommen
De Cédric Reichel huet sech virgeholl mat Leit aus all de Communautéiten ze schwätzen déi hei am Land vertruede sinn. Mir hunn eis virum Festival des Migrations mat him ënnerhal.
Dem Viktor Orban säi Walkampf zu Bréissel
Um EU-Sommet gouf et keng Léisung fir déi vun Ungarn blockéiert Finanzhëllef fir d'Ukrain. De Viktor Orban krut zwar gejaut, ma hien huet net no ginn, an dat éischter genoss.
Editioun 08:15
D'Prozeduren an der Affär Wilmes, Lavéieren ronderëm d'Spuerkeess an den Abroch vun de Petitiounen, dat sinn d'Themen an der Presserevue
Bommeleeër-Affär
Am Virfeld vum Appellprozess am zweete Bommeleeër-Prozess am Hierscht ginn d’Affekote vun den initial Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes op d’Verwaltungsgeriicht.
Jean-Claude Frisch
Mat deem haut pensionéierte Franséischproff a laangjärege President vun der Programmkommissioun geet rieds iwwer d'"Kris" vum Franséische bei der Jugend.
Fréijoersklassiker am Cyclissem: Firwat ginn se ëmmer méi schwéier?
De Jo Diseviscourt erkläert, wéi des traditionell Coursen sech an de leschte Joren entwéckelt hunn.
Editioun 07:15
Rumänesch Polizisten zu Lëtzebuerg, ëmmer manner Petitiounen an déi glécklech Finnen, dat sinn d'Themen haut an der Presserevue
Wat mecht Iech glécklech? Mir hun d'Leit am Altersheem gefrot
Haut ass den internationalen Dag vum Gléck. A well Gléck ganz villsäiteg ass, wollte mer puer vun eise Matbierger mat der meeschter Erfarung no hirer Meenung froen.
Blockage vun der Mieresstrooss Hormus: Gëtt et en Auswee?
Mir froen eise Korrespondent op der Plaz, de Philipp Crowther.
Echoen aus der Vergaangenheet an der Villa Louvigny
Déi immersiv Ausstellung "Ghosts of the Villa" retracéiert d’Geschicht vu Radio Lëtzebuerg.
Sträitthema um EU-Sommet: Zukunft vum Europäeschen Emissiounshandel
D'Meenungen iwwert de System fir den Emissiounshandel gi staark auseneen. Déi eng wëllen en ofschafen, déi aner halen drop, datt en erhale bleift. Dozou gehéiert Lëtzebuerg.
Editioun 8h15
Mëssbrauch an der kathoulescher Kierch, de Succès vun de Radaren a Problemer mat der Gréngzon, dat sinn d'Themen an der Presserevue.
Europäesche Procureur: éischte Lëtzebuerger Fall kënnt viru Geriicht
An den nächste Méint kënnt eng éischte Kéier een Dossier vum Europäesche Parquet virun ee Lëtzebuerger Geriicht.
Mylène Bianchi
D'lescht Joer gouf et iwwer 500 Aggressioune géint d'Personal am ëffentlechen Transport. Mir froen d'Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux wat een dogéint ka maachen.
Hale-WM: Gëtt et déi lescht 1500m op héijem Niveau fir d'Vera Bertemes?
Mir hunn d'Leeferin virun hirem Optrëtt bei der WM a Polen gefrot op si duerno definitiv op déi méi laang Strecken wiesselt.
Editioun 7h15
Neit Denke bei der FLF, d'Spuerkeess an der Kritik an d'Situatioun vum Lëtzebuerger Journalismus. dat sinn d'Themen an der Presserevue.
PFAS: Wou fënnt een d'Éiwegkeetschemikalien hei am Land?
Mat der Fro beschäftegt sech en neie Rapport, dee vun 3 Ministèren ausgeschafft gouf. Mir hunn eis e méi genee ugekuckt.