Episoden
Schaffe mat engem Handicap: E Bléck hanner d'Kulisse vum Beetebuerger Park
De Parc Merveilleux zu Beetebuerg gëtt zënter 27 Joer vun der APEMH, der Associatioun vun Eltere mat Kanner mat engem intellektuellen Handicap, geleet.
Filmtipp: "Lumière, l'aventure continue"
Eng Rees zeréck zu den Originne vum Kino bitt dem Thierry Frémaux säin Documentaire. Dem Michel Delage säi Kinostipp
Editioun 8h15
Dee verurteelten Neonazi-Terrorist a Bommebauer vu Stroossen däerf a Schwede Chimie studéieren, an zu Koplescht sinn d'Awunner net zefridde mat der neier Verkéiersberouegung.
Fraen als Paschtouer? Och bei kathoulesche Frae geet d'Meenung auserneen
D'Liliane Loos-Magar vun der Action Catholique des Femmes du Luxembourg seet et géif an hirem Verband verschidde Meenungen doriwwer ginn, ob Frae solle Paschtouer kënne ginn.
Laurent Peusch
Trotz Chômage ginn et laut ADEM eng 20 Beruffer, an deenen d'Patrone quasi kee Personal fannen. Mir schwätze mam Chef vum Service Employeurs bei der ADEM doriwwer.
Stäreplaz: Archeologesch Sondagen am Virfeld vun de groussen Aarbechten
Ënner dem Buedem goufen eng ganz Partie Iwwerreschter fonnt - de Gros dovun ass aus archeologescher Siicht awer "modern", esou den Institut national de recherches archéologiques
Editioun 7h15
Eng Schéinheetschirurgin ass frou, datt Kontrolle géint illegal Injektiounen a Schéinheetssalone gemaach ginn an e Journalist ass frou, datt d'Cavem gerett konnt ginn.
Walkampf an Ungarn: Kënnt et zum Wiessel?
No 16 Joer un der Muecht kéint de Viktor Orban an Ungarn ofgewielt ginn. Vill Leit schéngen es genuch ze hu mam Regime, deen hien opgebaut huet.
Fussball: tëscht den 2 Matcher géint Malta
Den 100,7-Consultant Roland Schaack analyséiert d'2-0-Victoire op Malta, a kuckt no vir op de Retourmatch vu mar am Stade de Luxembourg.
Mindestloun: d'Reaktioun vum Patronat
Den UEL-President Michel Reckinger reagéiert op d'Mindestloundecisioun, déi de Regierungsrot leschte Freideg geholl huet.
Editioun 8h15
Huet de Mindestloun och Inzidenzen op déi aner Salairen? Ass Lëtzebuerg intresséiert um Hydrogen deen an der Lorraine fonnt gouf? Dat si Froen an der Presserevue
Mindestloun: d'Reaktioun vun der Gewerkschaftsunioun
Am Numm vun der Union syndicale reagéiert d'OGBL-Presidentin Nora Back op d'Mindestloundecisioun, déi de Regierungsrot leschte Freideg geholl huet.
Olivier Cano
Mir froen de neie Co-President vun de Jonke Sozialisten, ob an der LSAP genuch op déi Jonk gelauschtert gëtt.
Am Musée Rural zu Bënzelt kann een d'Liewe vu fréier entdecken
D'Carole Schimmer war dëse Weekend bei enger Visitt dobäi.
Editioun 7h15
An der Presserevue ass et en Interview mat der amerikanescher Ambassadrice, dann d'Lokalpolice op der Musel an éischt Floss-Bestattungen op der däitscher Musel
De Bléck an d'Presse
Haut geet et virun allem ëm dat, wat d'Regierung a Saache Mindestloun decidéiert huet
Nations League: Wéi hunn d'Lëtzebuerger Fans d'Victoire op Malta erlieft?
Mir froen de Pit Beffort, dee gëschter Owend am Lëtzebuerger Fanblock stoung.
Kann de séieren Tram de Verkéiersproblem zu Leideleng léisen?
Mir froen de Leidelenger Buergermeeschter Lou Linster (DP).