Episoden
Gräife Reesversécherungen och bei Reesen an de Mëttleren Osten?
Wéinst dem Krich am Mëttleren Oste wäerten dëst Joer vill Leit zécke fir an d'Tierkei oder Ägypten ze fléien. Wéi wäit kann eng Reesversécherung opkommen, wann ee seng Rees ofseet?
D'Maison Sourrire zu Esch preparéiert vulnerabel Leit op den Aarbechtsmaart
Déi Betraffe kënne sech nei Kompetenzen uneegnen a verschidde Beräicher. Hanner dem Projet stécht d'Marie Laurini, déi den Numm "Sourrire" mat zwee "r" ganz bewosst gewielt huet.
D'Belsch, deen neien Ausgangspunkt fir d'Flucht a Groussbritannien?
Wéinst verstäerkte Kontrollen a Frankräich wielen ëmmer méi Migranten d'Belsch als Ausgangspunkt fir hir Flucht a Groussbritannien.
Editioun 08:15
Reestendenzen an der Ouschtervakanz, de Colismarché zu Lëtzebuerg an déi Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik: eis Theemen haut an der Presserevue
Wat kënnt op den Noen Osten duer?
Dem Donald Trump säin Ultimatum ass an der Nuecht ausgelaf. Wéi geet et elo weider? Mir froen d'Expertin fir den Noen Oste vun der Heinrich-Böll-Stiftung, d’Bente Scheller.
Marion Dubois
Mir froen d'Direktesch vun der ASBL Passerell, firwat si déi nei Asylprozeduren, déi d'Regierung wëllt aféieren, ganz kritesch gesäit.
Wafferou am Iran: Steet och Israel voll dohannert?
Dat froe mer eise Korrespondent an Israel.
Editioun 07:15
Déi Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik, de Beruff vum Dierwiechter an d'Enn vum Lëtzebuerger Jobwonner, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue
Gespréich mam Henri Leconte
Dee fréiere franséische Weltklasse-Tennisspiller huet e Freideg zu Esch ë. a. seng Autobiographie virgestallt.
Editioun 08:15
D'Leed vun de Frontalieren, Rekord-Dieselpräisser an Drogen am Ofwaasser, dat sinn d'Theemen an eiser Presserevue
Filmtipp: "Les Rayons et les Ombres"
Wéi rëtscht ee vum lénke Pazifismus an d'Kollaboratioun mat Nazi-Däitschland? Dem Michel Delage säi Kinostipp
Simone Asselborn-Bintz a Myriam Cecchetti
Wéi vill Rechenschaft ass e Schäfferot senge Bierger:inne schëlleg? Doriwwer diskutéiere mir mat der Suessemer LSAP-Buergermeeschtesch an der Oppositiounsconseillère vun déi Lénk.
Péter Magyar: Dee Politiker, deen de Viktor Orbán kéint klappen
Woufir steet de Politiker? Eis Europakorrespondentin Danièle Weber huet zu Budapest mat Experte geschwat.
Editioun 07:15
Drogen am Ofwaasser, deen neien MSF-Direkter an den Impakt vum Pëtrolspräis, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Sténgefort: Et gesäit net no engem Referendum iwwer eng nei Schoul aus
D’Oppositiounspartei CSV hat Enn Februar eng Petitioun lancéiert mam Zil e kommunale Referendum erbäizeféieren. Mee den Zousproch schéngt sech bis ewell a Grenzen ze halen.
Editioun vum Ouschterweekend
Ouschtermarsch, politesch Engagementer vu Jonker, Forainen, déi sech wéinst den Energiepräisser Suerge maachen ... Theemen an der Lëtzebuerger geschriwwener Press
Virun Ouschteren ass d'Situatioun um Eeër-Marché komplizéiert
Virun Ouschtere gëtt europawäit eng Knappheet un Eeër gefaart. Zu Lëtzebuerg wier d'Situatioun den Ament awer nach entspaant.
Walkampf an Ungarn: De Viktor Orban kritt ëmmer méi Géigewand
De Viktor Orban mécht Walkampf mat der Angscht, säin Erausfuerderer Peter Magyar vereenegt eng Wielerschaft, déi virun allem eppes wëll: den Orban lassginn.