Episoden
Filmtipp: "Gelbe Briefe"
Dësen Drama ëm eng tierkesch Theaterkoppel, déi politesch ënner Drock geréit, ass dem Michel Delage säi Kinostipp.
Taxischauffere fir wëll Déiere gesicht
D'Fleegestatioun fir wëll Déiere sicht Fräiwëlleger, déi d'Déiere vun den Drop-Off-Statiounen op Diddeleng bréngen. An de Méint Mee bis Juli fleegt den Zentrum ronn 2.500 Déieren.
Literatur: De Servais-Präis geet un de Ian de Toffoli
Mir froen dee jonke Schrëftsteller, wéi wichteg dee Präis fir hien ass.
Editioun 8h15
D'Tripartite, d'Affär Wilmes an déi international Energiekris mat hire Konsequenzen, ënner anerem och fir d'Touristen elo am Summer, sinn Theemen an der Presserevue.
Neit Urteel: Ginn déi däitsch Grenzkontrolle vläicht awer gekippt?
En Droitsprofesser vun der Uni zu Saarbrécken hat dogéint geklot, datt hien op der Grenz kontrolléiert gouf - an hie krut Recht. Mir froen hien, wat dat fir d'Grenzkontrolle bedeit
Chris Roller
Eigentlech sinn d'CNS an d'Dokteschassociatioun AMMD sech eens iwwer eng nei Konventioun. Mee d'Doktere wëlle méi a signéieren den Text net. Firwat, froe mir hire President.
Wéi Gaza d’Konsequenze vum Krich am Iran ze spiere kritt
Eise Korrespondent Leonardo Kahn huet mat engem Dokter geschwat, deen op der Plaz ass.
Editioun 7h15
D'Affär Wilmes bleift an de Schlagzeilen, de Premier Luc Frieden stäipt der Gesondheetsministesch, no dem Philippe Wilmes senger Pressekonferenz, e Freideg, de Réck.
Rekord beim London Marathon
Gëschter si beim London Marathon bal 60.000 Leefer duerch d‘Stroossen vun der brittescher Haaptstad gelaf. Dat sinn der esou vill wéi nach ni.
Optakt vun der 4. Editioun vun der Semaine surendettement
Wéi huet d’Aarbecht vum Service surendettement vun der Ligue médico-sociale sech entwéckelt a wéi kann de Betraffene gehollef ginn?
Iwwerschëldung: “Ech war permanent gestresst, ech hu gekrasch, geziddert
Eng Fra, déi an der Iwwerschëldung war, huet eis erzielt, wat si erlieft huet, a wéi si erëm aus dëser Situatioun erauskoum.
Editioun 08:15
Wéi vill Geld huet e Lëtzebuerger Stot, Lëtzebuerger Responsabilitéit an der Groussregioun an e remarkabelt Urteel a Saache Pressefräiheet, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Atom-Katastroph zu Tschernobyl
Mir geheien e Bléck an d'Vergaangenheet: Wat ass viru 40 Joer geschitt? A wéi et haut um Site an der haiteger Ukrain ausgesäit, froe mir d'Pauline Boyer vu Greenpeace Frankräich.
Donato Rotunno
Stécht de Lëtzebuerger Filmsecteur an enger Kris? Dat froe mir de President vun der ULPA, der Unioun vun de Produzenten aus dem audiovisuelle Beräich.
Doku-Podcast: Immobilieprojet vs Renaturéierung
Bauterraine fir bal 40 Milliounen Euro an e Renaturéierungsprojet zu Walfer. Déi véiert Episod vun der neier Zeenewiessel-Serie ass do.
Editioun 07:15
De Marc Spautz zum Éischte Mee, d'Regierung virun enger schwiereger Tripartite an de Räichtum vun de Lëtzebuerger
Editioun vum Weekend
Joyeuse entrée zu Esch fir déi groussherzoglech Koppel a Pressekonferenz vum Orthoped Philippe Wilmes dominéieren d'Une vun de Lëtzebuerger Zeitungen.
Wéi gutt ass d'Atomzentral zu Cattenom viru Katastrophe geschützt?
Där Fro si mir 40 Joer no der Atomkatastroph zu Tschernobyl nogaangen.