Episoden
Editioun 7h15
Wéi eng Chancen huet d'Tripartite, ass d'Situatioun am Garer Quartier nach ze retten a wéi gëtt an Zukunft op der däitscher Grenz kontrolléiert, dat si Froen aus den Zeitungen
Editioun vum Weekend
Mam Haaptsujet Éischt-Mee-Feiere vun LCGB an OGBL
Kadmium am Iessen, och zu Lëtzebuerg?
A Frankräich gëtt Alarm geschloe wéinst héije Kadmium-Réckstänn a Liewensmëttel. Wéi ass d'Lag hei am Land? Äntwerte vum Danny Züst vun der ALVA
Frankräich: héich Tauxe vu Kadmium am Iessen
Bei eisen Nopere maachen Associatiounen Drock op d'Regierung: franséisch Liewensmëttel sinn deelweis staark Kadmium-belaascht. Wat dat bedeit, erkläert de Max Tholl.
D'Muselfénkelcher feiere 50 Joer
Dee bekannte Kanner- a Jugendchouer gouf virun engem hallwe Joerhonnert zu Gréiwemaacher gegrënnt. Seng aktuell Presidentin Christiane Urwald verzielt vun Héichten an Déiften.
Kerosin-Engpäss a Loftraumrestriktiounen
D'Cargolux huet d'lescht Joer ee positiivt Resultat gemaach, mee dëst Joer huet d'Fluchgesellschaft wéinst dem Krich am Noen Osten direkt e puer Erausfuerderungen.
Editioun 08:15
En explosiven Éischte Mee, d'Nowéie vun Tschernobyl an dat grousst Spill fir 2028, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Zolitten Defi fir d'ADEM
Chômeure sollen an Zukunft am Land vun hirer leschter Plaz, an net méi do, wou si wunnen, betreit an indemniséiert ginn. Den Aarbechtsminister Spautz reagéiert op déi EU-Decisioun.
Sidney Wiltgen
D'ALJP, d'Associatioun vun de professionelle Journalisten, feiert de Weekend hir 100 Joer. Wéi steet et haut ëm de Beruff? Froen un hire President
Peter Magyar kämpft zu Bréissel fir ungaresch EU-Suen
Den ungaresche Walgewënner war fir een éischte Besuch zu Bréissel. Haaptsujet: Fongen an Héicht vu 16 Milliarden Euro, déi Bréissel agefruer huet.
Editioun 07:15
Eng schlecht Zensur fir den ONA (Office national de l'accueil), den Enjeu vun der Tripartite, en Eelefmeter dee muss eran, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Paracycling: De Paul Kremer fiert elo mat de Beschten op der Welt
De Lëtzebuerger Paracyclist fiert dës Woch säin éischte Weltcup an der Belsch. Mir froen hien, wat hie sech virgeholl huet.
Louschläissen: d'Praxis hat fréier eng grouss wirtschaftlech Bedeitung
Fréier gouf den Tannin an der Schuel vu jonken Eeche benotzt, fir Lieder ze gierwen. De Prozess, fir d'Beem ze schielen, gehéiert zum immaterielle Kulturierwen hei am Land.
Brauch de Filmsecteur méi Ënnerstëtzung? Mir froen de Kulturminister.
Mir froen den Eric Thill als zoustännege Minister, ob d'Regierung bereet ass de Secteur mat méi Suen ze ënnerstëtzen.
Editioun 08:15
E verloossent Schlass, en neie Stär um Kachhimmel a Sträit ëm eng Vëlospist, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
Déi éischt Pop-up-Redaktioun am Land
Ufanks Abrëll huet d'Tageblatt e Büro an engem eidele Geschäft zu Gréiwemaacher opgemaach, am Prinzip fir 3 Méint. Ausgangspunkt dofir war de Projet vum Rivaner Domaine Tageblatt.
Claude Meisch
Geet op der Tripartite och iwwer de Logement rieds? A wat geschitt elo wierklech fir d'Loyeren zu Lëtzebuerg an de Grëff ze kréien? Mir froen den DP-Logementsminister.