Episoden
Ebola-Virus: eng Infirmière erënnert sech
D'Tessy Fautsch ass virun 10 Joer fir Médecins sans frontières a Guinea gewiescht, fir Ebola-Patienten ze hëllefen.
Lëtzebuerg am Fokus vu geplangtem Verkaf vu serbeschem News-Réseau
Eng Vente vu Medien un Investisseuren, déi dem fréieren ungaresche Premier Viktor Orban no stinn, suergt fir Opreegung. Lëtzebuerger Autoritéiten mussen dee Prozess gutt heeschen.
Editioun 8h15
Esch weist sech solidaresch mat Nidderaanwen a sträicht och e Stéck Buedem mat de Reeboufaarwen un an d'Gemeng Suessem wëllt um Gaalgebierg duerchgräifen
560 Träppleken a 7 Minutten
De Claude Kaufmann huet de leschte Weekend beim Ulmer Münsterlauf, engem Trapelaf fir Pompjeeën de Kierchtuerm erop matgemaach - a voller Montur.
Raymond Manes, Direkter vun der Miami University Lëtzebuerg
Zënter bal 25 Joer ass de Lëtzebuerger an der Direktioun - fir d'éischt als 2. Mann, zënter 2020 als Haaptchef - vum Miami University Dolibois European Center in Luxembourg (MUDEC)
STATEC lancéiert SILC-Enquête
9.600 Lëtzebuerger Stéit sinn opgefuerdert, dem STATEC ausféierlech Opschloss ze ginn iwwer hir Revenuen a Liewenskonditiounen. Explikatioune vum Guillaume Osier.
Editioun 7h15
D'Wunnengskris an e Faktencheck, Uschëllegunge géint de Police-Chef wéinst de Mëssstänn am Garer Kommissariat an e Besuch an der neier CAVEM-Museksschoul sinn Theemen
Filmtipp: El Ser Querido
A sengem neien Drama setzt de Spuenier Rodrigo Sorogoyen eng ugespaante Papp-Duechter-Relatioun an Zeen.
Faszinatioun Tornado: Firwat riskéiert ee säi Liewe fir e Stuerm ze gesinn?
Mir froen de Philippe Ernzer vu Meteo Boulaide, dee viru Kuerzem an der sougenannter Tornado Alley an den USA ënnerwee war.
Flotilla-Aktivisten erziele vum Optrëtt vum israeelesche Policeminister
D’Elisabeth Trocheris an den Abdessamad Taqui waren dobäi wéi dee weltwäit kritiséierte Video entstan ass, deen den israeelesche Policeminister vun de Prisonéier gepost huet.
Editioun 8h15
Et ginn enorm Ënnerscheeder bei den Altersheemer zu Lëtzebuerg, kënschtlech Intelligenz huet e groussen Impakt op d'Gehier an Open Space Büroe sinn e risege Stressfaktor
EU-Düngemëttel-Plang: Wat erwaart d'Martine Hansen vum Christophe Hansen?
D'Agrarministerin Martine Hansen fäert schro Konsequenzen fir d'Baueren wéinst den héijen Präisser fir Düngemëttelen. Wat fuerdert d'Regierung als Reaktioun op europäeschem Niveau?
Pascal Peters, Generaldirekter vun der Police
Gi Polizisten ëmmer méi dacks selwer Affer vu Gewalt? Dat ass eng vun de Froen, déi mer dem Police-Direkter stellen.
Firwat ginn et net genuch Ingenieuren zu Lëtzebuerg?
Mir hu beim Thierry Flies nogefrot. Hien ass President vun der ASBL Ingénieurs et Scientifiques du Luxembourg.
Editiioun 7h15
D'Corinne Cahen huet hir eegen Iddie fir d'Gare, an déi al Pompjeeskasär komme Kënschtler dran an et gëtt Lëtzebuerger Stol fir de Bau vum neie Balsall am Wäissen Haus benotzt
Firwat warnt Meteolux schonn am Mee virun der Hëtzt?
De Luca Mathias vum staatleche Wiederdéngscht erkläert.
Um Geesseknäppchen entsteet en historescht Kachbuch
De Maurice Molitor huet sech de Projet an der Ecole nationale pour adultes (ENAD) erkläre gelooss.