Episoden
Fall Lyhanna: A Frankräich solle 70.000 Plainten nei gepréift ginn
Nom Doud vum 11 Joer ale Lyhanna gëtt et vill Kritik un der franséischer Justiz. Eise Korrespondent Max Tholl erkläert d'Hannergrënn.
Gratis juristesch Berodung zu Esch
Vun elo u proposéiert de Barreau och zu Esch e Service d’accueil et d’information juridique, wéi et e schonn an der Stad gëtt a geschwënn och nach op 4 anere Plaze gi soll.
Meris Sehovic, Deputéierte vun déi gréng
Huet de "séieren Tram" säin Numm nach verdéngt? Ass den Arrêt Wickreng noutwenneg? An ass den Tram op der Metzeschmelz, wann déi éischt Leit do eraplënneren?
Vun Arbitterkamera bis Zäitspill: Wat sinn déi nei Reegelen op der WM?
Wéi eng nei Reegele gëllen op der Fussball-WM? A wéi gëtt een iwwerhaapt WM-Arbitter? Mir hu beim Chef vun de Lëtzebuerger Arbitteren, dem Alex Krüger, nogefrot.
Editioun 7h15
Den Tripartitesaccord gëtt kritesch an den Zeitungen analyséiert, ënner anerem well fossil Energië subventionéiert ginn, amplaz datt de Verbrauch reduzéiert gëtt.
WM 2026: Rekord mat 48 Länner - a schonn déi nächst Expansioun am Bléck
Geschwë geet an Nordamerika d'Fussball-Weltmeeschterschaft 2026 vun de Männer un - mat engem neie Rekord vun 48 Ekippen.
D'Landwirtschaft steet ënner Drock - wéi sollt drop reagéiert ginn?
Doriwwer schwätze mir mam President vun der Landwirtschaftskammer, de Christian Hahn.
"Die Landpartie": d'Geschicht vun engem Bild
Den Tableau vum Moler Ludwig Knaus ass der (jüddescher) Famill vum Gerd Klestadt vun den Nazie geklaut ginn. Elo ass en nees opgetaucht, mee ëmmer nach net restituéiert.
Editioun 8h15
Zënter dem Untrëtt vun der CSV-DP-Regierung si 46 nei politesch Beamten nominéiert ginn, an dëst Joer am Abrëll direkt siwen an engem Dag, wéi an der Press analyséiert gëtt
Reebësch Fong TFFF
Klima-Finanz-Deeg: De Fong mam Numm Tropical Forest Forever Facility, kuerz TFFF, wäert zu Lëtzebuerg ugesidelt sinn.
Carole Hartmann, DP-Parteipresidentin
Nom DP-Kongress ass d'Parteipresidentin bei eis am Studio, fir iwwer d'Tripartite, d'Zesummenaarbecht mat der CSV an d'Zukunft vun der Partei ze schwätzen.
António José Seguro sicht de Kontakt mat de Portugisen zu Lëtzebuerg
De portugisesche President war dëse Weekend op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg. Ënner anerem gouf et dobäi eng waarmhäerzeg Renconter mat ronn 150 Kanner zu Zolwer.
Editioun 7h15
De Weekend hat d'DP hire Kongress, den Echoen an den Zeitungen no war dee Kongress éischter platt, net vill Inhalt an de Walkampf wier definitiv nach net lancéiert.
De Bléck an d'Zeitungen
D'Journalistekolleege beschäftege sech haut virun allem mam Accord an der Tripartite.
Premièresexamen am Lëtzebuergeschen
150 Minutten haten d’Schüler:innen Zäit fir eng literaresch Dissertatioun ze schreiwen.
Jugendwunnen: Croix Rouge hëlleft Jonke fir net op der Strooss ze landen
D'Croix Rouge stellt Jonken a prekärer Situatioun encadréiert Wunnen zu abordabele Präisser zur Verfügung.