Wat geschitt, wann de groussen Dram Wierklechkeet gëtt - an een op eemol Panik kritt?
Den Arthur Stockel hat mat nëmmen 21 Joer de Poste vum Solo-Klarinettist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker kritt. An dësem Extrait vu Klassik Talk erzielt hien dem Oceana Kaell, wéi hien dës Situatioun erlieft huet a wéi een Tipp vu sengem Professer him gehollef huet, seng Plaz als Museker an als Mënsch am Orchester ze fannen.