Si gesäit d’Bün net nëmmen als e Raum fir Musek, mee och als eng Plaz fir Geschichten z’erzielen, déi ënner d’Haut ginn. D’Marie-Christiane Nishimwe ass eng lëtzebuergesch lyresch Sopranistin a Schauspillerin, där hire Wee si vu Kigali am Ruanda iwwer Ettelbréck bis op déi ganz grouss europäesch Bünen gefouert huet.
Am Gespréich mam Marie Trussart verréit si, wéi si wärend hirem Studium zu Wien sech einfach spontan a groussen Haiser virgestallt an et tatsächlech geklappt huet. Doduerch hat si Optrëtter ënner anerem am Burgtheater Wien, am Münchener Residenztheater oder och an der Elbphilharmonie Hamburg. D'Stëmm ass hirt Instrument a Sangen ass zu enger existenzieller Noutwennegkeet ginn. Et gëtt keng Alternativ ouni Sangen, sou d’Sopranistin.
D'Marie-Christiane Nishimwe gouf am Ruanda gebuer a koum mat 6 Joer mat hirer Famill op Lëtzebuerg. Si erzielt iwwer d'Challenges, déi si als schwaarz Fra misst iwwerwannen an erkläert firwat Schwaarz sinn, eigentlech am A vum Betruechter läit.
Si erënnert sech un hir éischt Erfarunge mam Sangen, wou si nach am Conservatoire du Nord am Kannerchouer war. An si erënnert sech un dee Moment wou si wosst, si wéilt Sängerin ginn.
Mee fir d’Éischt verréit d’Marie-Christiane Nishimwe, wat si am Moment eigentlech beschäftegt.
D'Playlist vun der Marie-Christiane Nishimwe
- Franz Schubert (1797–1828) : Nacht und Träume, D. 827, aus dem Album Schubert: Lieder (Kathleen Battle Edition, Vol. 9)
- Gabriel Fauré (1845–1924) : Cantique de Jean Racine, op. 11 (Arrangement Rutter), aus dem Album Spheres – Einaudi, Glass, Nyman, Pärt, Richter
- Gustav Mahler (1860–1911) : Ich bin der Welt abhanden gekommen, Bearbeitung von Clytus Gottwald, aus dem Album Transcriptions I (Deluxe Version)
- Barbara Strozzi (1619–1677) : Sospira, Respira. Duetto Soprano e Mezzosoprano, aus Ariette a Voce Sola op. 6, aus dem Album Saffo Novella
- Michel Berger (1947–1992) : Diego libre dans sa tête (Remasteriséiert 2002), aus dem Album Voyou
- Johannes Brahms (1833–1897) : V. Ihr habt nun Traurigkeit, aus: Ein deutsches Requiem, op. 45, aus dem Album Brahms: Ein Deutsches Requiem op. 45