Schonn a jonkem Alter kritt ee gerode sech spéider fir ee Beruff ze entscheeden, deen engem perséinlech Spaass mécht. Mee awer kënnt haut ëmmer méi de Begrëff vun der Work-Life Balance op, dee jo eng strikt Trennung tëschent Privatliewen a Beruff virgesäit?
Wéi stitt dir zum Trenne vu Berufflechem a Privatem? Fir de Museker Maurice Clement jiddefalls ass dat een No-Go, wéi hien eis am 3. Extrait vum Podcast Klassik Talk verréit.