Dëse Samsden um 11 Auer gëtt dem Prokofjew säin Erzielconcert Pierchen an de Wollef an der Philharmonie opgefouert. Et ass e Kannerconcert, deen awer fir Grouss a Kleng geduecht ass. Op der Bün sinn d'Lëtzebuerger Philharmoniker ënnert der Leedung vum David Daubenfeld. Mat dobäi ass och d'Schauspillerin Marie Jung, déi den Text op Lëtzebuergesch mat iwwersat huet an d'Roll vun der Erzielerin iwwerhëllt. Si huet dem Marie Trussart ënner anerem d'Geschicht vum Pierchen erzielt an erkläert, wat genee hir Roll niewend dem Orchester ass.
Pierchen an de Wollef an der Philharmonie
headphones
21 min
Lauschteren
play_arrow
(Foto: Philharmonie Luxembourg)
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden
Musek am Schlass, déi bei d’Kuliss passt
Den Initiateur vum Festival alter Musik zu Veianen, de Rosch Mirkes, erzielt wat de Public an dëser Editioun erwaart.
100 Joer Hans-Werner Henze - ee Portrait
Kann een tonal schreiwen an awer zäitgenëssesch komponéieren? Dës Fro spléckt d’Komponistewelt net nëmmen haut, mee zanter den Ufäng vun der Zwieleftoun- an der serieller Musek.
Déi nei Saison vum Orchestre de Chambre du Luxembourg
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, den OCL, huet viru Kuerzem de Saisonsprogramm 2026/2027 presentéiert. Eng Saison, déi ënner der Iwwerschrëft "Trompe l'oeil" steet.
Eng musikalesch Degustatioun
D'Cembalistin Anne-Catherine Bucher proposéiert e Concert mat klengen Häppercher aus dem englesche Barock.
100 Prozent Tschaikowski
Den Orchestre Place de l'Europe dediéiert de Programm vu sengem Concert den 28. Juni just engem Komponist.
E partizipative Gesangsweekend
D’Chorale Muinicpale Sängerbond Diekirch organiséiert e Gesangweekend mat Workshoppe fir jiddereen.
Den Dram als zentrale Gedanken
De Jean-Jacques Mailliet gëtt en Abléck an d'Kompositioun, déi hie fir Nationalfeierdag geschriwwen huet.
Déi 7. Symphonie vum Dmitri Schostakowitsch
Déi "Leningrader" Symphonie ass e Meeschterwierk u subtiler politescher Kritik.
De Georgely 2 mat politesche Lidder
300 Lidder, déi déi gesellschaftlech a politesch Lag vu Lëtzebuerg aus deene leschten 200 Joer markéieren.
Another Light
De Chouer vun der Uni Lëtzebuerg séngt d'"Dichterliebe" vum Robert Schumann an engem Arrangement fir Chouer.
"Ech muss net Kolleeg mat him sinn"
Dat seet de Regisseur Jacques Schiltz iwwer de Richard Wagner, deem seng Biogaphie hien a Form vun engem Theaterstéck mat all senge Kontroverse presentéiert.
19. Juni: Live-Concert um Opus - Tëschent Idyll an Zerstéierung
Beethoven: Sinfonie Nr. 6 "Pastorale", Brett Dean: Pastoral Symphony, Pasquale Punzo: Archipelaghi insonni (Uropféierung)
"Skitter II" vum Hy-Khang Dang
Éischt Optragskompositioun vun der Luxembourg Philharmonic Academy gëtt uropgeféiert.
20. Doudesdag vum György Ligeti
E Komponist, deen aus de Wuerzelen nei Äscht gezillt huet.
Programm vun den Operen an de Stater Theateren
Viru Kuerzem hunn d’Theatere vun der Stad Lëtzebuerg hire Programm fir d’Saison 26-27 virgestallt. D’Opus Redaktioun gëtt Iech en Iwwerbléck.
Journée de la musique vun der AEM
Dëse Sonndeg, 14. Juni, steet am Parc zu Hesper d’Musek am Mëttelpunkt an dat mat der Journée de la musique vun der AEM, der Associatioun vun der Musekschoule vu Lëtzebuerg.
Feierlech a lokal
Den Ofschloss vun de Festivitéite ronderëm d'Aweiung vum Concertssall Korus
Carmina Burana als Community-Projet
Dem Carl Orff säi bekannt Wierk steet e Sonndeg (16.06.) am CAPE op der Affiche.
Gebuertsdag vum Carl Maria von Weber
De Papp vun der däitscher romantescher Oper wier haut 200 Joer al ginn.