Am Haut-Rhin, bei Colmar, hätten tëschent 25 a 50 Prozent vun den Tankstelle kee Sprit méi oder et feelen hinnen eng Zort Bensin oder Diesel. Am meeschte betraff wieren d’Tankstelle vun TOTAL.
Wéinst der Situatioun dierfe Camionen trotz Feierdag an och Muer um Sonndeg a Frankräich fuere fir d’Bensinnsstatiounen ze beliwweren.