D‘Generaliste verschreiwen dobäi de gréissten Deel vun den Antibiotiquen, a méi dacks bei Frae wéi bei Männer.
Bis ewell keng Réckstänn an de Liewensmëttel
Den Undeel u Resistenze bleift zu Lëtzebuerg awer vergläichsweis niddreg. An der Déierenzuucht an an der Veterinärmedezinn geet de Verbrauch zënter 2013 zeréck.
An den Uewerflächegewässer zu Lëtzebuerg goufen Antibiotiquë vereenzelt nogewisen. Fir déi Analyse goufen d‘Grenzwäerter awer net iwwerschratt. Et goufen och keng Réckstänn an de Liewensmëttel festgestallt.
Lëtzebuerg kritt recommandéiert an der Medezinn manner Antibiotiquen anzesetzen.