Martine Deprez am Interview

Sträit tëschent AMMD an CNS: Der Regierung hir Linn ass kloer

Wou d’Konventioun tëschent der AMMD an der CNS bis gekënnegt war, du gouf et kee Wee zeréck méi. Esou beschreift d’Gesondheetsministesch Martine Deprez déi aktuell Situatioun tëschent der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun an der Gesondheetskeess. D'Regierung hätt hir Aarbecht elo gemaach.

auto_stories

4 min

headphones

15 min

D'Martine Deprez | © Radio 100,7 play_arrow
D'Martine Deprez (Foto: Radio 100,7)

D‘Verhandlungen iwwer eng nei Konventioun waren d‘lescht Woch vun der CNS offiziell als gescheitert deklaréiert ginn. Déi aktuell Konventioun leeft nach bis Enn Oktober. Duerno sollen dann déi groussherzoglech Reglementer gräifen, déi de Regierungsrot gëschter ugeholl huet.

Et sinn dat zwee Stéck: Ee fir d’Dokteren an ee fir d’Zänndokteren.

AMMD weiderhi fir Verhandlunge wëllkomm

D’Martine Deprez erkläert am 100,7-Interview, datt een ee Joer Zäit hätt fir esou Texter ze preparéieren. An deem heite Fall hätt een zwar bis de leschte Moment gehofft, datt d’Partner sech awer nach eens ginn. Bis den 30. Oktober kann dat theoretesch och nach geschéien. Esoulaang leeft d’Konventioun nach.

“Wann d’AMMD wëllt verhandelen, da gëtt se och empfaange fir dat ze maachen. Als Regierung hu mir eis Aarbecht gemaach an d’Reglementer ausgeschafft.”

Trotz der Hoffnung wollt d’Ministesch also keng Zäit verléieren an efficace sinn, esou datt déi zwee Règlement-grand-ducallen elo scho prett sinn.

Déi ginn elo u verschidden Instanze fir en Avis geschéckt, ënner anerem un de Staatsrot. Och d’AMMD kritt d’Texter.

"Eng Sysiphus-Aarbecht"

Mee wat steet an deene Règlementen dran? D’Martine Deprez erkläert, datt de Gesetzgeber am Code virgesinn huet, wat alles obligatoresch muss esouwuel an enger Konventioun, wéi och an engem Règlement grand-ducal stoen.

Mat de Juristen aus dem Santésministère hätt een d’”Sysiphus-Aarbecht” gemaach, déi 60 Säite Konventioun “duerchzeackeren”, betount d’Ministesch.

“D’Texter a juristescher Form opzebereeden an alles, wat an der Konventioun war elo an de Règlement ze setzen, esou wäit et méiglech war.”

E richtege Prezedenzfall fir eng bestoend Konventioun an e Règlement grand-ducal ze iwwersetzen ass et bis elo nach net ginn.

Keng Ännerunge fir Patienten an Dokteren

Ënner dem Stréch steet an de Reglementer elo eent zu eent dat, wat och d’Konventioun gereegelt huet. Deemno betount d’Martine Deprez och, datt d’Assuréeën näischt dovu mierke wäerten.

“Si gi viru bei hiren Dokter, kréie virun hir Rechnung, d’Remboursement-Méiglechkeete bleiwe bestoen. (...) D’Konventioun betrëfft net d’Tariffer.”

U sech ass e Règlement grand-ducal och als Iwwergangsléisung geduecht. Mee am Gesetz steet néierens, wéi laang e gülteg ass.

Wat d’Dokteren ugeet, esou stinn déi verschidde Facturatiouns-Methode weiderhin am Règlement dran.

“Mee dat, wat den Dokter dierf verrechnen, de Code, deen hien dierf asetzen, steet weder an der Konventioun, nach am Réglement. Dat steet an der Nomenclature. (...) Dat bleift bestoen.”

Martine Deprez verweist op de Koalitiounsaccord

Dat, wat ännere géing, wier “de Geescht, an deem mir ënnerwee sinn”, seet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez. Et wier schued, datt sech béid Partien net eens gi wieren. Grad an deem hei Fall.

“Dat, iwwer dat ee sech net eens ass, loung net an der Kompetenz vun deem, dee Verhandlungspartner ass.”

D’CNS selwer kann net de Cadre legale änneren, mee mécht just d’Gestioun vun der Keess. D’Politik, d’Regierung an d’Chamber also, missten am Dialog mat de Partner zesumme kucken, wat gesetzlech misst geännert ginn.

Déi verschidde Saache solle virun diskutéiert ginn. Dat an Aarbechtsgruppe mat ënner anerem Representantë vun der AMMD.

"Op där Schinn si mir ënnerwee"

Fakt ass awer, datt an der Politik net direkt e politesche Wëlle besteet, de Gesondheetssecteur ze liberaliséieren. Wann et de Wonsch vun den Doktere wier, dat ze maachen, da kéim een net op e gréngen Zweig, mengt d’Martine Deprez.

“Am Koalitiounsaccord steet dran, datt mir wëllen den Delai d’attente erofsetzen, notamment an den Urgencen. Mir wëllen den Ambulatioire ausbauen. Mee och: la médécine conventionnée sera maintenue. An där Schinn si mir ënnerwee.”

D’Ministesch weist sech am 100,7-Interview ambitionéiert a wëllt an den nächsten 2 Joer nach eng Rëtsch Saachen ëmsetzen.

Wat nach d’Propositioun vun de Spidolsdokteren ugeet fir eng méi breet Diskussioun ze féieren, där steet d’Martine Deprez oppe géigeniwwer. Zumools wann et ëm Spideeler géing misste si mat um Dësch setzen, esou d’Ministesch.

Lauschterenplay_arrow