Déi zwee Gewënner hu mikroekonomesch Grondlage fir eng makroekonomesch Stabiliséierung ausgeschafft, an dofir de Präis kritt. Mat hirem Modell kéinte fiskal Mesüren agesat gi fir staarke wirtschaftleche Schwankungen entgéintzewierken, esou d'Erklärung vun der Jury.
Iwwerreechunge sinn den 10. Dezember
Et handelt sech net ëm ee klasseschen Nobelpräis, deen um Testament vum Alfred Nobel baséiert. Dee Präis gouf nämlech eréischt 1968 an d'Liewe geruff a gëtt vun der schweedescher Zentralbank finanzéiert. Och dëse Präis ass op ronn 1 Millioun Euro dotéiert.
An de leschte Woche goufen och d'Gewënner vun deenen aneren Nobelpräisser bekannt. Ënner anerem huet déi südafrikanesch Juristin Navi Pillay de Friddensnobelpräis kritt fir hiren Asaz géint Vëlkermord.
Den 10. Dezember, um Doudesdag vum Alfred Nobel, wäerten all d'Nobelpräisser, och dee vun der Wirtschaft, an der schweedescher Haaptstad Stockholm iwwerreecht ginn.