Et géif ee sech bei der Fro "schoulfräi oder net" ëmmer vun den zoustännegen Instanzen, notamment der Cellule de crise, berode loossen.
Am Géigesaz zu Stuerm oder Héichwaasser géif bei grousser Hëtzt kee Risiko um Schoulwee bestoen, an d'Hëtzt doheem kéint souguer méi intensiv sinn, wéi an der Schoul. Vill Gebaier wiere gutt isoléiert, an d'Kanner stinn ënner Opsiicht vu Professionellen, déi hinnen hëllefe géifen d'Gesondheetsrecommandatiounen anzehalen, esou de Lex Folscheid.
Lo hu jo awer scho vill Gemengen vu sech aus entscheet, fir d’Kanner fräizestellen.
Datt vill Gemenge vu sech aus decidéiert hu fir de Kanner fräi ze ginn, wier och net am Widdersproch zur Positioun vum Ministère, seet de Lex Folscheid. D'Gemenge wieren hei autonom a si géifen d'Lokalitéiten am beschte kennen.
Déi verschidden Direktioune wieren an de leschten Deeg och an enken Autausch mat de Gemenge gewiescht fir adequat an ugepasste Léisungen ze fannen.
Eis Journalistin Pebia Urban huet live mam Diddelenger Schouldirekter Joël Mischaux doriwwer geschwat, wéi ee mat der grousser Hëtzt ëmgeet