Den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes wëllt e komplett Verbuet vu Pestiziden a Waasserschutzzonen, wougéint seng Parteikolleegin a Landwirtschaftsministesch Martine Hansen den Taux u Pestizide just reduzéiere wéilt.
Hin an hir tëschent dräi Ministeren
Datt Regierung hei net op enger Linn wier, war ugangs der Woch scho kloer ginn. Fir die fréier gréng Ëmweltministesch Joëlle Welfring ass dat keng gutt Virraussetzung fir de Problem uerdentlech unzegoen.
"Do huet een dann eng Gesondheetsministesch, déi seet, et ass geféierlech, unerkennt, datt et wierklech e Problem ass fir d'Gesondheet. An datt ee sech net just ëm PFAS soll këmmeren, mee och ëm generell méi Quellen, déi och Pestizide mat eranhuelen."
An dann hätt een en Ëmweltminister, dee seet, et misst ee Verbuet an der Schutzzon dräi ronderëm Quelle ginn, esou d'Joëlle Welfring weider.
"An dann eng Agrarministesch, déi eigentlech ze verstoe gëtt, datt se dat guer net wëllt a mat Oflenkungsmanöver quasi Scheinargumenter bréngt, déi e Versuch sinn, fir Problemer auszeblenden a klengzerieden.”
Regierung setzt op Monitoring vun der Chemikalie
Déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring huet iwwerdeems d’Gefill, datt d’Martine Hansen de Problem an der Landwirtschaft wéilt erofspillen. Dat dierft awer net sinn, well grad och Baueren deene gesondheetsschiedleche Substanzen, wéi PFAS ausgesat wieren, sot déi fréier Ëmweltministesch.
Fir dem Problem vun der gesondheetsschiedlecher Eiwegkeetschemikal entgéint ze wierken, huet d’Regierung ënner anerem eng national Strategie fir e Biomonitoring vun der Chemikal ausgeschafft. Iwwerdeems soll d’FEDIL mat an enger Etüd d’Notze vu PFAS an de Betriber kucken.
D’Mesure sinn Deel vum sougenannte PFAS-Rapport, deen de Minister schonn am Mäerz presentéiert hat.
Net just op Planzeschutzmëttel kucken
An deem Kader sot d’CSV-Landwirtschafts- a Konsumenteschutzministesch Martine Hansen haut, datt een sech net just dierft op Planzeschutzmëttel bezéien, déi besonnesch Baueren asetzen. D’Landwirtschaft wier just fir 25 Prozent vum PFAS verantwortlech. Planzeschutzmëttel enthalen dacks eng PFAS-Molekül. Dodru misst een och schaffen, esou d’Martine Hansen, mee:
"Mir däerfen eis net op Planzeschutzmëttel konzentréieren, well soss schaffe mer laanscht de Problem laanscht. Soss schéisse mer vläit op iergendeppes Klenges, mee hunn de grousse Problem net geléist."
PFAS wier schliisslech och a Medikamenter oder Klimaanlagen enthalen.
Fir déi PFAS-Source misst ee virun allem um europäeschen Niveau Léisunge fannen, esou nach d’Joëlle Welfring.