De Xavier Poos ass Ekonomist an hien huet méi wéi zéng Joer Erfarung als Directeur adjoint vun der Santé. Wärend der COVID-19-Pandemie huet de Xavier Poos zur Gestioun vun der nationaler Kris bäigedroen.
D'Aufgabe vum Office national de l'accueil
D’Haaptmissioun vum ONA ass et, Persounen, déi internationale Schutz hei am Land ufroen, a Beneficiairë vum temporäre Schutz e wierdegen Accueil ze garantéieren. Zousätzlech geréiert den ONA d’Netz vun den temporäre Strukture fir dës Leit.
Kandidat fir d'LSAP
De Xavier Poos ass de Fils vum fréieren LSAP-Politiker, Vizepremier an Ausseminister Jacques F. Poos. 2023 hat de Xavier Poos fir d’LSAP bei de Gemengewale zu Kielen kandidéiert.