Mobilitéit

Nei Houwald-Gare ageweit: Fuerplang soll méi stabil a Pénktlechkeet verbessert ginn

Um Howald ass de fäerdeg ausgebauten Zuchdeel vum Pôle de mobilité offiziell ageweit ginn. Déi renovéiert Gare ass schonn zënter enger Zäit a Betrib. Nei dobäikomm sinn elo awer een zweeten Quai mat zwee zousätzleche Gleiser. Domat huet d’Gare elo am Ganze zwee Quaien a véier Gleiser.

auto_stories

2 min

© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)

Den Ausbau soll virun allem fir méi Kapazitéit a méi Zouverlässegkeet um Schinnereseau suergen.

Zich aus Esch a Frankräich besser vuneneen trennen 

Eng nach méi grouss Roll spillt en, wann d’Neibaustreck Lëtzebuerg–Beetebuerg am September 2027 ugebonne gëtt, erkläert de Marc Wengler, Generaldirekter vun den CFL. 

"Dat ass e Puzzlestéck an déi Richtung, fir déi zwou Strecke komplett separat vunenee kënnen ze bedéngen. Wann am September d’nächst Joer déi nei Streck ugebonne gëtt, da gëtt d’Capacitéit éischtens verduebelt tëschent Lëtzebuerg a Beetebuerg. An Zweetens wäerten dann déi zwou Strecken (U.v.d.Red.: Thionville–Beetebuerg–Lëtzebuerg an Esch–Beetebuerg–Lëtzebuerg) sech net méi treffen."

Gläichzäiteg sollen d’Zuchlinnen aus Richtung Esch an aus Richtung Frankräich besser vunenee getrennt ginn. Domat soll de Fuerplang méi stabil ginn an d’Pénktlechkeet sech verbesseren.

© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)

Verbindung tëschent de Fortbeweegungsmëttel

Mee déi nei Gare um Houwald soll méi bidde wéi just gutt Zuchverbindungen: e puer Meter iwwer den Zuchquaie fuere Busser laanscht an direkt niewendrun hält den Tram. Vëlosweeër féiere laanscht de Site, an an enger Bikebox kënnen d’Leit hire Vëloofstellen. 

Genee dat ass d’Iddi vum Mobilitéitsknuetpunkt um Houwald: déi verschidde Verkéiersmëttel op enger Plaz zesummenzebréngen an den Ëmstig esou einfach wéi méiglech ze maachen, erkläert d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes.

"Dat heescht, datt do, wou den Zuch ukënnt och d'Connectioun ass op zum Beispill d'Tram, op Bus, datt een eventuell ka mam Auto dohi kommen an do deposéieren. Datt ee ka mam Vëlo weiderfueren. Datt déi verschidden Zorte fir sech weider ze beweegen op enger Plaz zesummekommen." 

Fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit sinn d’Quaien och iwwer Liften accessibel. An enger nächster Phas wëllt d’CFL um Site nach en eegent Gebai bauen.