OECD

Nei Etüd: 55 Prozent vun de Leit zu Lëtzebuerg vertrauen der Regierung

Eng Majoritéit vun de Leit hei zu Lëtzebuerg hätt Vertrauen an déi meescht ëffentlech Institutiounen. Dat geet aus enger Etüd ervir, déi d'Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) 2025 realiséiert huet.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / Joko | Joko play_arrow
(Foto: picture alliance / Joko | Joko)

D’Resultater wieren am Verglach mat den Etüde vun 2021 an 2023 meeschtens stabel bliwwen. Dat Vertrauen ass zu Lëtzebuerg dacks méi héich wéi am Duerchschnëtt vun den 38 OECD-Memberstaaten.

Iwwer d'Hallschent vertraut der Regierung

55 Prozent vun de Leit zu Lëtzebuerg hätt laut där Etüd vun der OECD Vertrauen an d’Regierung. An der Etüd vun 2023 waren et 56 Prozent. Dat ass wäit méi wéi am Rescht vun den OECD-Staaten. Do vertraue just 40 Prozent vun de Leit hire Regierungen. Zu Lëtzebuerg hunn d’Leit generell eng besser Perceptioun vun den Institutioune wéi an deenen anere Staaten, déi Member si vun der OECD sinn.

Am meeschten hunn d’Leit hei am Land Vertrauen an d’Police. Dräivéierel vun de Persounen, déi un där Etüd Deel geholl hunn, hunn der Police hiert Vertraue geschenkt. Am Rescht vun der OECD louch deen Taux bei ronn 60 Prozent. Am Ranking kënnt d’Justiz op déi zweete Plaz, duerno sinn et d’Gemengenautoritéiten, d’Fonction Publique, d’Parlament, an dann nach d’Regierung. International Organisatiounen, d’Medien an déi politesch Parteie schneide méi schlecht of a leien ënner 50 Prozent.

Wann een d’Resultater awer nach eng Kéier analyséiert, da géifen et Ënnerscheeder ginn, jee no sozialer Situatioun an der Ausbildung vun de Persounen. Jonker, Fraen a Persoune mat méi enger niddereger Ausbildung hunn am Duerchschnëtt manner Vertrauen an d’Regierung wéi Männer a Leit mat engem héijen Diplom.

Een Drëttel gleeft un Afloss op politesch Entscheedungen

Am Allgemenge mengt just een Drëttel vun de Persounen zu Lëtzebuerg, datt si en Afloss kéinten hunn op déi politesch Decisiounen. A gréisstendeels sinn d’Leit der Meenung, datt d’Regierung net reaktiv genuch wier, wat d’Erwaardunge vun der Populatioun ugeet.

Ee weidere Volet vun der OECD-Enquête betrëfft den Asaz vun der Kënschtlecher Intelligenz an den Administratiounen. D’Hallschent vun de Befrote sinn der Meenung, datt d’KI eng Verbesserung vun den Déngschtleeschtunge kéint erméiglechen.

Lauschterenplay_arrow