EU-Budget

Lëtzebuerg sëtzt sech fir den EU-Ëmwelt-Programm LIFE an

D’Zukunft vum europäeschen Ëmweltprogramm LIFE muss assuréiert ginn. Deen Appell lancéiert Lëtzebuerg zesumme mat Éisträich a Spuenien haut um EU-Ëmwelt-Conseil, matten an den Diskussioune ronderëm deen nächsten europäesche Budget.

auto_stories

3 min

© European Union
(Foto: European Union)

Den nächsten EU-Budget fir d’Joren 2028 bis 2034 misst dofir suergen, datt LIFE ka virugeféiert ginn, esou déi dräi Länner an engem Bréif am Virfeld vun der Reunioun vun den Ëmweltministeren aus de 27 EU-Länner um Kierchbierg.

LIFE - wichtegt Instrument fir EU-Ëmwelt- a Klimapolitik

De LIFE-Programm wier ee Schlësselinstrument fir eng effikass Ëmsetzung vun der europäescher Ëmwelt- a Klimapolitik. Den Ëmwelt-Proramm LIFE gëtt et zënter 34 Joer. Zënterhier goufen doduerch méi wéi 12 Milliarden Euro mobiliséiert an iwwer 6.000 Projete co-finanzéiert, heescht et am Schreiwes.

LIFE gëtt doran an den héchsten Téin gelueft. De Programm wier dat eenzegt finanziellt Instrument, dat exklusiv dem Ëmwelt- a Klimaschutz dediéiert ass. En hätt konkreet Léisungen um Terrain bruecht an dofir gesuergt, datt europäesch Ëmweltgesetzer effikass ëmgesat konnte ginn. Dat an enger ganzer Partie Beräicher wéi Biodiversitéit, Kreeslafekonomie, Klimawiessel an Energietransitioun.

Besonnesch ervirgehuewe gëtt och, datt d’Projeten esouwuel op regionaler wéi lokalem Niveau ugesidelt sinn.

Dräi Länner fäerte Verwässerung vun Ëmwelt-Ambitiounen

Mat hirem Appell wëllen déi dräi Länner sech an d’Diskussioun ronderëm den nächste pluriannuellen europäesche Budget amëschen. D’Kritik viséiert d’Propos vun der Europäescher Kommissioun, an deem Budget de LIFE-Programm an ee méi breede finanzielle Kader ze integréieren, amplaz dofir extra Poste virzegesinn.

D’Europäesch Kommissioun hat an hirer Propose fir dee Budget keen eegene Poste fir de LIFE-Programm virgesinn. Dat géif de Risiko mat sech bréngen, datt spezialiséiert Instrumenter an Ëmwelt-Ambitioune verwässert ginn, esou d’Kritik. Dorop haten och d’Europaparlament an Ëmweltschutzorganisatiounen higewisen.

Manner Sue fir LIFE? 

Et misst séchergestallt ginn, datt de LIFE-Programm och an där nächster Budgetsperiod ka virugeféiert ginn, esou d’Fuerderung vun deenen dräi Länner. Si weisen och drop hin, datt d’Allocatiounen, déi bis elo fir LIFE virgesi sinn, géinge bedeiten, datt manner Sue fir de Programm zur Verfügung stinn.

An zwee vun deenen dräi Länner, déi sech elo fir de LIFE-Programm staark maachen, si mat der Lëtzebuerger CSV an der éisträichescher ÖVP zwou Parteien an der Regierung, déi zejoert op europäeschem Niveau d’Finanzéierung vum LIFE-Programm duerch EU-Suen ëmmer nees kritiséiert hunn.

Am Europaparlament hate Vertrieder:inne vun där Europäescher Vollekspartei zesumme mam rietse Bord eng reegelrecht Campagne géint LIFE lancéiert. Ëmwelt-ONGen, déi vum Programm profitéieren, krute reprochéiert, si géifen op Uweisung vun der EU-Kommissioun EU-Sue mëssbrauchen, fir Lobbyaarbecht, zum Beispill bei Europadeputéierte fir europäesch Klimaschutz-Gesetzer ze maachen.

Fir de LIFE-Programm sinn tëschent 2021 an 2027 5,4 Milliarden Euro virgesinn. Zu Lëtzebuerg gouf 1992 deen éischte LIFE-Programm lancéiert.

Zënterhier goufen hei am Land 14 Naturschutz-Projeten an der Héicht vun 23 Milliounen Euro finanzéiert. D’Hallschent vun deene Sue koum aus der EU-Keess.

De Programm wier eng vun den Initiativen am europäesche Budget, déi am meeschte reusséiert hunn, hat Natur&Ëmwelt am Mee an engem Bréif un d’Regierung festgehalen. D’ONG huet dann och begréisst, datt sech Lëtzebuerg elo op EU-Niveau fir LIFE asetzt.