Logement

Jugendparteie fuerderen en nationaalt Logements-Regëster fir méi bezuelbare Wunnraum

Zu Lëtzebuerg bräicht et endlech en nationaalt Logements-Regëster an eng effikass Steier fir d'Spekulatioun op Wunnraum ze verhënneren. Dat sinn zwou vun de Fuederunge vun de Jugendparteie vun der CSV, DP, LSAP, déi gréng an déi Lénk fir méi bezuelbare Wunnraum.

auto_stories

3 min

Olivier Cano, Alice Hoffmann, Maxime Pantaleoni, Lou Linster, Metty Steinmetz | © Pit Beffort
Olivier Cano, Alice Hoffmann, Maxime Pantaleoni, Lou Linster, Metty Steinmetz (Foto: Pit Beffort)

Op enger gemeinsamer Pressekonferenz hunn d'Jugendvertrieder vun de fënnef Parteien insgesamt 12 Fuerderunge presentéiert. Dat mam But fir d'Wunnengssich fir Jonker méi einfach ze maachen. Jonker wieren nämlech besonnesch staark vun der Logementskris betraff.

All Fënnft Wunneng misst abordabel sinn 

D'Jugendparteie wëllen, datt et méi einfach gëtt, sech als Jonken eng Wunneng ze kafen. Eng Grondviraussetzung wier en nationaalt Wunnengsregëster esou de Maxime Pantaleoni vun déi jonk gréng.

"Dofir muss de Staat an d'Gemenge sech déi finanziell a mënschlech Ressource ginn, fir endlech ze agéieren."

Hien géif och d'Gemenge bieden net op dat nationaalt Gesetz ze waarden, mee elo proaktiv e kommunaalt Register opzesetzen.

"Ech verstinn net, datt mer an enger Logementskris nach ëmmer Gemengen hunn déi kee komplett Register vun hire Wunnengen hunn." 

Zu Lëtzebuerg bräicht et och méi abordabele Wunnraum. D’Zil vun der Politik misst et sinn, datt all fënneft Wunneng eng abordabel Wunneng ass, esou d’Fuerderung vun de Jugendparteien. Fir méi abordabele Wunnraum ze schafe, misst och méi dicht gebaut ginn, seet de Lou Linster vun de jonken Demokraten. 

"Well méi Densitéit op de richtege Plazen hëlleft eis d'Buedemversigelung ze reduzéieren, hëlleft eis 'd'Zersidlung ' ze vermeiden an hëlleft eis d'Natur a d'Landwirtschaftsflächen ze schützen."

Fir méi jonke Leit den Accès zu enger Wunneng ze erméigleche missten och d’Locatairë gestäerkt ginn, esou d’Jugendparteien.

Reform vun der Loyersbrems

Si ënnerstëtzen d’Schafung vun enger nationaler Commission des loyers fir déi e Gesetzesprojet vum Logementsminister Claude Meisch virläit a fuerderen eng Reform vun der Loyersbrems. Fir de Olivier Cano, Co-President vun de jonke Sozialiste wier de Constat, datt d'Loyersbrems misst reforméiert ginn, well déi aktuell net funktionéiert. 

"Ech mengen déi Aart a Weis wéi se gerechent gëtt, ass einfach net méi operationell a féiert zu absurde Resultater. A wann eng Reegel absurd ass, muss ee se änneren."

Wéi genee déi Reform kéint ausgesinn, do hätt all Partei hir eege Virstellungen. Déi jonk Sozialiste wéilten hir Iddien an de nächste Woche bei verschiddenen Aktioune presentéieren. 

Staat misst Wunnengsbau zur Prioritéit maachen

An den Ae vun de fënnef Jugendparteie misst de Staat de Wunnengsbau zu enger absolutter Prioritéit maachen a esou séier wéi méiglech Mesuren ëmsetzen.

D’Jugendpartei vun der ADR, d'ADRenalin, war net bei der gemeinsamer Pressekonferenz dobäi. De Co-President vun de jonke Sozialisten, den Olivier Cano seet, dat hätt sech natierlech esou erginn.

"Well mir déi selwecht Iwwerschneidungen an deem heiten Dossier hunn an dowéinst hu mir eis natierlech zesummefonnt a mir hunn och do net de Besoin gesinn, op anere Jugendparteien duerzegoen,"

Parteien, déi elo net bei dësem Zesummeschloss dobäi waren, hätte sech och historesch net wierklech mat dem Theema soziale Wunnengsbau auserneegesat. Wann een näischt kéint op den Dësch leeën, da misst een och net invitéiert ginn, esou nach den Olivier Cano.