Gutt 11.500 Dossiere fir eng abordabel Wunneng ze loune stinn den Ament op. Pro Dossier sinn an der Moyenne dräi Leit agedroen, esou de Logementsministère op Nofro hin. Fir der Demande gerecht ze gi bréicht et also iwwer 11.000 Wunnengen uechtert d'Land.
RENLA-System
Iwwer den nationale Regëster fir de Logement abordabel, kuerz RENLA, ginn zënter uganks Abrëll all d’Demandë fir eng abordabel Wunneng ze loune geréiert a jee no Urgence traitéiert. Ënner anerem elengerzéiend Elteren, Famillje mat méi Kanner a Persounen aus den ënneschten Akommesklassen hu Prioritéit.
Virdru missten d'Demandeure sech op d'Lëschte vun deene verschiddenen konventionéierte Partner vum Ministère androen. Duerch de RENLA-System wieren Demanden elo all op enger Plaz regroupéiert, wéi de Logementsminister Claude Meisch erkläert.
"Dat heescht, op enger grousser Lëscht kommen all déi Demanden do zesummen"
De Virdeel vun dësem neie System wier och, datt Doublante verhënnert géife ginn an Demandeuren esou och méi Chancen um Marché hätten.
"An dat garantéiert och, datt onofhängeg bei wéi engem Bailleur ech meng Demande gemaach hunn, datt ech awer Chancen hunn, och bei anere kënne consideréiert ze ginn"
Waardezäit ka staark variéieren
Ier de RENLA-System agefouert ginn ass stounge beim ëffentleche Promoteur SNHBM bal 6.000 Persoune op der Waardelëscht (Stand Enn 2025) fir eng Wunneng ze lounen.
Anescht wéi de Fonds du Logement huet d’SNHBM (Société Nationale des Habitations à Bon Marché) traditionell méi Logementer an der Vente wéi an der Locatioun. Den ëffentleche Promoteur setzt awer och ëmmer méi op den Ausbau vun Mietwunnengen. Aktuell hätt d'SNHBM 660 Wunnengen an der Locatioun, esou hire Generaldirekter Guy Entringer.
"Dee Park wäert awer signifikativ an d'Luucht goen, datt mir an zwee, dräi Joer bei ongeféier 1.300 sinn."
Wéi laang een Demandeur bei der SNHBM an der Reegel op der Waardelëscht steet, konnt de Guy Entringer net genau soen. Dës géif vu Situatioun zu Situatioun ofhänken.
"Wann do ee kënnt, deen elo net onbedéngt an d'RENLA-Krittären dra passt, da kann dee scho laang waarden."
Fir hie géif de RENLA an déi richteg Richtung goen. Et misst een awer probéieren, de System nach ze optimiséieren.
D’Vente leeft net iwwer den neie RENLA-System. Demandeure musse sech hei weiderhin um Onlinesite vum der SNHBM fir eng Wunneng mellen. Datt Leit virun hirer Dier campéiere fir den Éischten op der Lëscht ze sinn, géif awer net méi virkommen, seet hire Generaldirekter.
"Wa mir eng Wunneng op den Internetsite maachen, hunn d'Leit e Mount Zäit, respektiv do ginn eemol pro Mount d'Dossieren triéiert no de Kategorien."
Demanden an der Vente ginn zeréck
Wat d’Vente ugeet wieren d'Demandë méi kleng ginn, esou de Guy Entringer. Dat, well d'Zënsen an d'Luucht gaange sinn.
Och déi extreem Hausse vun de Baukäschte géif dozou bäidroen, datt et fir verschidde Leit ëmmer méi schwéier gëtt fir eppes ze kafen. D'SNHBM hätt awer zu kengem Zäitpunkt fäerdeg gebaute Wunnenge gehat, déi eidel gestanen hätten.
"Mir hunn zu kengem Moment eng Wunneng net gebaut, well se kee Keefer hat. Mir hunn ëmmer weider gebaut a mir hunn u sech och all Wunnengen un de Mann bruecht, ier se fäerdeg war."
Enn 2025 waren 8.165 Leit fir de Kaf vun enger abordabeler Wunneng beim ëffentleche Promoteur registréiert. Stand haut sinn et der 6.446.
Hei am Land ginn et iwwer 160 verschidde konventionéiert Partner, déi abordabel Wunneng verkafen oder verlounen. Dat kënne grouss Promoteure wéi d’SNHBM oder de Fonds du Logement sinn, mee och Gemengen oder Associatioun wéi d’Rout Kräiz.
"Keng eenheetlech Krittären"
An engem oppene Bréif un den DP-Minister hat déi Stater Conseillère Marie-Marthe Muller vun der LSAP d’lescht Woch kritiséiert, datt et keng kloer Strategie géif ginn. Déi konventionéiert Partner hätten all verschidde Krittären a Funktiounsweisen. Dës géif zu vill Konfusioun féieren.
De Logementminister Claude Meisch fënnt net, datt ee misst eenheetlech Krittären aféieren. Déi graff Krittäre wieren déi selwecht, esou de Minister.
"Et ass awer och esou, datt eng Enquête sociale gemaach gëtt an datt natierlech herno och de Bailleur eng Decisioun hëlt tëschent, soe mir mol fënnef, sechs, siwen Demandë vläicht."
Fir hie wier et och wichteg, datt wann eng Gemeng wéilt Logement abordabel schafen, datt d'Gemeng dann och ka Krittäre setzen. Beispillsweis, datt Leit, déi an der Gemeng schaffen, Prioritéit hu fir Wunnen a Schaffe méi no beieneen ze bréngen.