D'Fronte wieren awer weider festgefuer.
Hamas refuséiert weiderhin hir Waffen ofzeginn
D‘Hamas géif drop bestoen, ier déi zweet Phase vum amerikanesche Friddensplang a Kraaft trëtt, datt Israel seng Attacken op d‘Gazasträif stoppt an humanitär Hëllef eraléisst. D‘Hamas refuséiert och weider, hir Waffen ofzeginn.
Der Hamas no, wieren zënter dem Ufank vun der Wafferou ëm déi 760 Palestinenser an der Gazasträif ëmkomm. Déi israeelesch Arméi kontrolléiert weider ongeféier d‘Hallschent vun der Gazasträif.
Déi zweet Phase vum Friddensaccord gesäit fir, datt Israel sech weider zeréckzitt an datt de Krich definitiv eriwwer ass, fir datt de Neiopbau vun der Gazasträif kéint ufänken.