Feierbakterien

Feierbakterie op der Musel: D'Awunner:inne mussen hiert Gaardegeschier desinfizéieren

Wéinst Feierbakterien an de Wéngerte dierfen d'Awunner:inne vu Méischdref a Gréiwemaacher hire Gréngschnëtt just nach an extra dofir virgesinne Container entsuergen. Dat deelen déi jeeweileg Gemenge Rouspert-Mompech a Gréiwemaacher mat.

auto_stories

2 min

© Max Voncken
(Foto: Max Voncken)

D’Gemenge leien zum Deel a Pufferzonen déi etabléiert goufen, nodeems d'lescht Woch dräi Wéngerte positiv op Feierbakterië getest goufen.

Zu Maacher ass iwwerdeems den ugrenzende Bësch an d'Raschtplaz “op Fooscht” fir de Public zougemaach ginn. Och d'Asammele vu biologeschem Offall ass hei bis op Weideres ënnerbrach.

Informatiounsversammlung um Méindeg

D’Bakterien, déi ongeféierlech fir de Mënsch sinn, kënnen zu grousse Schied bei Planze féieren. De Landwirtschaftsministère huet gëschter an der zoustänneger Chamberkommissioun preziséiert, datt d’Awunner:inne vun de betraffene Géigenden och hiert Gaardegeschier desinfizéiere sollen, ier se vun enger Planz op déi nächst iwwerginn.

Déi betraffe Planze missten erausgehaen an op der Plaz verbrannt ginn, hat d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen (CSV) am 100,7-Interview erkläert. Et soll awer eng Entschiedegung ginn. Detailer dozou sinn nach net bekannt. De President vun de Wënzer, de Paul Funck, hat iwwerdeems erkläert, datt si éischter iwwerrascht goufe vum Ausbroch vun der Bakterie. 

Fir de Méinden den Owend huet de Ministère dann och eng Informatiounsversammlung fir d’Awunner:innen aus der Pufferzon zu Maacher geplangt.

© Max Voncken
(Foto: Max Voncken)