Dofir gëtt eng liicht Cotisatiounshausse envisagéiert. Dat hunn d’Sozialpartner a Kaf geholl, well et op der anerer Säit Moossname gi fir ze spueren.
Eng schlecht Tendenz
D’Zuele géifen d’Tendenz confirméieren, datt d’Ausgabe vun der Gesondheetskeess méi séier klamme wéi d’Recetten, esou d’CSV-Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez no der Quadripartite. Ronn 130 Milliounen Euro Defizit an der CNS-Keess 2026. Fir d’nächst Joer rechent ee souguer mat engem Defizit vu bal 190 Milliounen Euro. Keng gutt Ausgangslag wéi d'Martine Deprez erkläert.
"Mir mussen do mat engem reelle Risiko eis auserneesetzen. An de Risiko ass, datt mer de Seuil minimal légal, dat heescht 10 Prozent vun de Reserven, déi mer mussen erfëllen, net méi wäerten 2027 erreechen."
Et sinn also Mesuren néideg. Bei de Recetten hätt een dofir ugeduecht d’Cotisatioune fir d’Assuréeën an d’Patronen ëm 0,125 Prozentpunkten ze erhéijen.
E Virschlag, dee schlussendlech de Verwaltungsrot vun der CNS muss ëmsetzen. Dat bei der Budgetssëtzung Mëtt November. Falls d'Gesondheetskeess sech dofir entscheede géif, géif d'Cotisatiounserhéijung vum 1. Januar 2027 u gëllen.
Sozialpartner: "Net dat eent ouni dat anert"
Deem hätt ee just kënnen zoustëmmen, well op anere Plaze soll gespuert ginn, wéi de Carlos Pereira vum OGBL erkläert.
"Ech mengen, wat fir eis wichteg ass, ass datt déi zwou Saache matenee kombinéiert goufen. Dat heescht Cotisatiounserhéijung plus op där anerer Säit déi vill Mesuren, déi vun deem Comité stratégique ausgeschafft gi sinn."
Deen nämmlechten Tenor schléit och de Patronatsverband UEL un. An engem schrëftleche Communiqué heescht et, datt eng Cotisatiounserhéijung net ouni parallel Spuermoossnamen hätt dierfe stattfannen.
Pharmaindustrie soll contribuéieren
Zu deene Moossname gehéieren ënner anerem eng Verstäerkung vum Kampf géint Abusen a Frauden - an e legale Kader fir datt d’Pharmaindustrie bei Medikamenter contribuéiert erkläert d'Gesondheetsministesch.
"Bei der Maîtrise médicalisée hu mer Courriere fäerdeg, déi kënne verschéckt ginn um Niveau vu Medikamenter, Biologie a Kinesitherapie. Net fir d'Leit ze forcéiere manner an Usprooch ze huelen, mee fir op Recommandatiounen hinzeweisen (...) fir dat besser an de Grëff ze kréien. Da si mer bei de Medikamenter amgaangen, e Cadre légal opzestellen, fir esou wéi am Ausland och, eng gewësse Contributioun vum Pharmasecteur ze kréien op der Vente vun de Medikamenter."
D'Moossname solle 95 Milliounen Euro aspueren.