An de fréie Moiesstonne vun en Dënschdeg ass deemno an der Avenue de la Liberté op Persoune geschoss ginn, déi nieft engem geparkten Auto stoungen.
Déi presuméiert Täter ware mat zwee Autoen ënnerwee an hunn d’Schëss aus de fuerende Gefierer eraus ofginn, esou de Parquet. Dobäi ass kee verwonnt ginn.
Weider Detailer ginn et wéinst der lafender Enquête keng.