Donnéeë vu 678.000 Steierzueler an Entreprisë si bei dräi Attacke vum Hackerduo ZeroBytes geklaut ginn. Zwee Méint laang hu si sech onbemierkt Zougang zu Informatioune wéi Adressen, Revenuen oder Steiernummeren verschaaft an en Deel dovun och scho weiderverkaaft.
Weider Attacke sinn ugekënnegt
Den 12. August hate si dës Attacke revendiquéiert. Zënterhier gëtt d’Theema Cybersécherheet a Frankräich kontrovers diskutéiert.
Den Ugrëff op d’Steierverwaltung war nämlech net déi eenzeg Aktioun. Och den Inneministère an den Educatiounsministère goufe cibléiert. D’Hackere vu ZeroBytes soten och, dat wier just den Ufank, weider Attacke géinge kommen.
D’Oppositioun fuerdert eng Enquêtekommissioun fir dës Mëssstänn opzeklären. De Premier Sébastien Lecornu hat e Mëttwoch an engem Bréif geschriwwen, just e puer Ministèrë wieren adequat geschützt. Dat wier awer net akzeptabel, well et d’Glafwierdegkeet vum Staat géif beschiedegen.
Dofir wëllt de Lecornu eng speziell Unitéit bei der nationaler Agence fir d’Cybersécherheet, déi méi séier agéiere soll. Wéi genee dës Unitéit soll ausgesinn a wat hiren Aufgabeberäich ass, dat soll d’Agence dem Premier haut virleeën.
KI soll elo hëllefen
Allerdéngs ginn et schonn änlech Unitéite bei der zentraler Agence an och an de verschiddene Ministèren. E komplette Schutz konnte si bis ewell net garantéieren. Dofir wëllt een elo och d’Sécherheetsmesuren an de Ministèrë verstäerken an, mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz, no Schwaachstelle sichen.
Net nëmmen de Staat ass awer Affer vun esou Attacken. Gëschter huet och den Telekommunikatiounsubidder SFR matgedeelt, datt am Juli Donnéeë vun 2 Millioune Clientë geklaut goufen. Och d’E-Santé-Plattform Alaxione ass gehackt ginn.