De Start gouf schonn e puermol verluecht. Fir d'lescht war dat ufanks der Woch de Fall. D'Ariane 6 soll Europa een onofhängegen Accès zum All sécheren. Si gouf am Summer zejoert mat Succès getest, mee hat bis elo nach kee kommerzielle Vol.
Deen éischte kommerzielle Vol vun der europäescher Rakéit Ariane 6 ass fir muer um Donneschdeg geplangt. D'Rakéit soll vu Kourou an der franséischer Guyane fortfléien, fir e Militärsatellit an den Ëmlaf ze bréngen.
1 min