D’Hëtztwell an de vergaangenen Deeg hat alles a jiddereen am Grëff. Och d’Landwirtschaft. D’Déiere waren engem immensen Hëtztstress ausgeliwwert D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen betount am 100,7-Interview awer, datt ee bei der ALVA keng Problemer gemellt kritt huet.
Hëtzt: Auswierkungen op Recolte nach onbekannt
Wat d’Recolte ugeet wier et den Ament awer nach schwéier ze soen, wat den Impakt vun den Temperaturen ass.
“D’Wanterkäre ginn elo gedrescht. Op den Ertrag huet dat keen Afloss. Wat bei de Summerkären erauskënnt, wäert sech weisen. (...) D’Wise sinn zimmlech giel. Dat hänkt elo dovun of. Wéi vill Reen an nächster Zäit erofkënnt. Mee d’Fréijoer war gutt. D’Fudderstocke si voll.”
Déi nächst Deeg a Woche wieren deemno wichteg, seet d’Martine Hansen.
Dossier Lactalis: "Fir e Repreneur op ee Coup ze fanne brauch et Zäit"
Et goufen awer nach aner Facteuren, déi der Landwirtschaft hiert d’Liewe schwéier gemaach hunn. Notamment deenen, déi Mëllech u Lactalis verkaf hunn, zu där d’EKABE gehéiert. Déi hu jo rezent 68 Baueren de Kontrakt fir d’Fréijoer 2027 gekënnegt.
Eng Léisung ze fanne wäert allerdéngs Zäit brauchen, seet d’Martine Hansen. 10 bis 12 Prozent vun der nationaler Mëllechproduktioun kéim nach emol dobäi.
“Fir e Repreneur op ee Coup ze fanne brauch et Zäit. D’Luxlait ass mol prinzipiell domat averstane fir ze kucken, wat méiglech ass.”
Etüd iwwer de Marché soll hëllefen
De Ministère wéilt de Baueren duerch eng nei Etüd hëllefen. Et soll nämlech gekuckt ginn, wéi eng Mëllechproduiten um Marché nach ënnerzebrénge wieren. Esou kéinten eventuell Repreneure méi liicht fonnt ginn, erkläert d’Ministesch fir Landwirtschaft.
Weider bleift de Ministère am Dialog mat de Baueren, genee wéi och Lactalis dat nach maache géing.
“Et ass wichteg, datt en Dialog geféiert gëtt. (...) Mir hëllefen, wou mir kënnen. Well fir 68 Betriber, dat sinn 68 Famillen, ass et eng Existenzfro.”
Méi wéi nolauschteren a vermëttele kéint een aktuell awer net maachen, seet d’Martine Hansen.
Präis vum Dünger soll Liewensmëttelproduktioun net beaflossen
An der Landwirtschaft klammen allgemeng d’Produktiounskäschte wéinst den ëmmer méi héije Präisser vum Dünger. Den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen huet elo confirméiert, datt d’Réserve agricole vun der EU vu ronn 200 Milliounen Euro op ronn eng hallef Milliard soll erhéicht ginn.
Fir Lëtzebuerg stéingen domat 1,4 Milliounen Euro zu Verfügung.
D’Martine Hansen betount an deem Kader, datt ee verhënnere misst, datt manner Liewensmëttel produzéiert ginn.
“Wann den Dünger ze deier gëtt, gëtt manner produzéiert. D’Liewensmëttelproduktioun muss bäibehale ginn.”
Krisebäihëllef vun der EU: Wéi sollen d'Sue verdeelt ginn?
Dofir hätt d’EU de Vertilizer-Action-Plan virgestallt, deen de Länner e puer Méiglechkeete géing ginn. D’Länner kéinten hire Plan stratégique fir d’Landwirtschaft upassen. Dat wier fir Lëtzebuerg awer keng Optioun, well all d’Suen, déi de Grand-Duché vun der EU kritt, schonn ausgi sinn, respektiv versprach goufen.
Déi zweet Optioun ass eng Zort Krisebäihëllef, wou Lëtzebuerg eebe bësse méi wéi 1 Millioun Euro kritt.
“Mir hunn awer d’Méiglechkeet, an dat hu mir an der Tripartite festgehalen, datt mir dee Sputt komplett ausnotzen. Dat heescht, d’EU gëtt eis eppes, a mir kënnen dann 200 Prozent dropleeën.”
Well de Kader vun där Bäihëllef nach net ganz bekannt ass, wier et schwiereg ze soen, wéi d’Suen an Zukunft verdeelt solle ginn. Am einfachste wier pro Fläch, seet d’Ministesch, well esou jidderee gläich behandelt ka ginn.
“Et soll jo keen Incentive si fir Dünger ze kafen.”
Pestizid-Verbuet an Drénkwaasserschutzgebidder: Just an Etappe méiglech
Vum Dünger bei d’Pestiziden: Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet sech rezent fir e komplette Verbuet vu Pestiziden an Drénkwaasserschutzgebidder ausgeschwat. Lëtzebuerg huet déi schlechtst Waasserqualitéit an der EU.
D’Martine Hansen betount awer, datt dat net just un de Pestizide läit. Aktuell géing de "One out, all out Prinzip" gëllen. Dat heescht, och wann all déi aner Facteuren am grénge Beräich wieren, géing dat fir d'Schlussfollgerung net an d'Gewiicht falen. Dat misst awer méi cibléiert gekuckt ginn, mengt d'Martine Hansen.
Wat d’Verbesserung vun der Waasserqualitéit ugeet, mengt d’Landwirtschaftsministesch, datt een an enger éischter Phas all technologesch Léisungen notze sollt, déi disponibel sinn.
“Duerch innovativ Methode kritt een de Planzeschutzmëttel op 75 Prozent erof. Dat wier e mega Fortschrëtt.”
Wichteg wier awer och datt gekuckt gëtt, vu wou de Problem kënnt. Déi Analys misst gemaach ginn, dofir wier fir den Ament e komplette Verbuet keng Optioun. Et misst een an Etappe virgoen, seet d’Martine Hansen.
“D’Zil, proppert Drénkwaasser ze hunn, do sti mir alleguer hannendrun. Do musse mir eis ustrengen. De Wee dohinner musse mir diskutéieren.”