D‘Luxair-Volle vun de Mëtteg op Catania an duerno rëm zréck sinn annuléiert. Dofir fléien zwou Maschinnen op Palermo an zréck, amplaz eng.
Wéi d'Luxair eis matgedeelt huet, ginn d‘Passagéier iwwer d‘Strooss oder d‘Schinne vu Palermo op Catania bruecht. Weider heescht et, dattfir d‘Leit, déi do sinn, keng Gefor oder Sécherheetsrisiko besteet.
Lava, Äschen an Damp
De Vulkan op der italieenescher Mëttelmierinsel Sizilien ass zënter leschte Freideg nees amgaangen, Lava, Äschen an Damp auszestoussen. Zënterhier ass dofir de Loftraum ronderëm gespaart, Dausenden Touriste sëtze fest.
Vill Touriste kommen awer och grad wéinst dem Ätna op Sizilien, fir do bei Visittes guidées op de Vulkan matzemaachen.