Lescht Woch sinn an der Finall vum Carlo Hommel Uergelconcours dräi jonk Talenter ugetrueden. Um Programm stoung een Imposé vum Lëtzebuerger Komponist an Organist Paul Kayser esou wéi och ë. a. Wierker vum Nicolas de Grigny, Johann Sebastian Bach a Georg Muffat.
Elo steet fest: De Lëtzebuerger Julien Landers konnt sech virun der Südkoreanerin Hyewon Jeong an dem Däitschen Christoph Preiß duerchsetzen.
De Julien Landers ass 2005 gebuer an huet mat 7 Joer am Clierfer Kanton an der Musekschoul Piano geléiert. Zwee Joer méi spéit zitt et hien och bei d'Uergel. Op béiden Instrumenter kann hien dann och e puer Joer duerno den éischte Präis erfollegräich ofschléissen. Op der Uergel ass et esouguer den "Diplôme supérieur". Zënter zwee Joer studéiert de Julien Landers Uergel zu Leipzig an Däitschland un der Musekshéichschoul.
Den zweete Präis beim Carlo Hommel Uergelconcours goung un den 2001 an Däitschland gebuerenen Organist Christophe Preiß an op d'Plaz dräi packt et d'Südkoreanerin Hyewon Jeong.
Dëst Joer war et iwwregens déi éischt Editioun vum Concours "Carlo Hommel" am Kader vum klenge Maarnicher Festival.