Visitt zu Paräis

De Groussherzog an d'Groussherzogin gi vum Emmanuel Macron empfaangen

De Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie reesen haut op Paräis, am Kader vun hire Visitten an aner Länner nom Trounwiessel. Déi groussherzoglech Koppel gëtt vum Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel (DP) begleet.

auto_stories

1 min

Op Visitt zu Madrid | © © SIP / Julien Warnand
Op Visitt zu Madrid (Foto: © SIP / Julien Warnand)

Zu Paräis ass eng offiziell Receptioun beim franséische President Emmanuel Macron.

No der Belsch, Däitschland, Holland, dem Vatikan a Spuenien ass de Besuch zu Paräis déi sechst Héiflechkeetsvisitt zënter dem Trounwiessel am Oktober 2025.