Lëtzebuerg hat schonn am Juni d‘lescht Joer e Kooperatiounsaccord mat der Space-Firma vum Jeff Bezos ënnerschriwwen. Mat der Ouverture vun dësem neie Büro géif déi Zesummenaarbecht elo konkretiséiert ginn, heescht et an engem Communiqué vum Ekonomiesministère.
Lëtzebuerg soll domat eng strategesch Dréischeif an deem Beräich ginn. Lëtzebuerg a Blue Origin sollen an Zukunft fir de Projet OASIS zesummeschaffen, deen als Missioun huet, de Mound a seng Ressourcen ze kartograféieren.