D’Ënnerschreiwe vun deem Accord géif awer net automatesch bedeiten, datt d’Pëtrolstanker nees normal duerch d’Strooss vun Hormus kënne fueren, huet den Eric Bleyer, President vum Groupement Energie Mobilité, de Moie bei eis am Interview erkläert. Och wann den Donald Trump dat rezent an Aussicht gestallt hat.
“Dat kann nach eng Partie Wochen, voire Méint daueren. Et gëtt vu Minne geschwat an der Hormus-Strooss."
Entreprisë waarden of
Iwwerdeems misst d'Prduktioun nees eropgefuer ginn, esou den Eric Bleyer.
"Verschidde Lager sinn natierlech bis uewen hi voll. Dat heescht, d'Produktioune si gestoppt ginn, déi mussen erëm eropgefuer ginn. Dat hëlt alles e puer Wochen Zäit. An da sinn natierlech och vu verschiddenen Ugrëffer Produktiounsunitéite ganz futti a mussen natierlech och nach gefléckt ginn."
Verschidden Entreprisë géifen iwwerdeems ofwaarden, ier se lassfueren, fir erauszefannen, wéi stabil de Fridden da wierklech wäert sinn, esou den Eric Bleyer.