Iran

D'Läich vum Ayatollah Ali Khamenei ass hënt an der Haaptstad Teheran ukomm

Dee viregten ieweschte Leader vum Iran, den Ayatollah Ali Khamenei gëtt haut, véier Méint no sengem Doud, zu Teheran begruewen. Hie war Enn Februar, direkt um Ufank vun den israeelesch-amerikanesche Loftattacken op den Iran, ëm d'Liewe komm.

auto_stories

1 min

© EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
(Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

15 bis 20 Millioune Leit gi sech an der Haaptstad erwaart, fir dem Ayatollah Ali Khamenei ze gedenken.

Keng europäesch Staatscheffen invitéiert

Et soll sech ëm dat gréisst Begriefnis an der Geschicht vum Iran handelen. Domat wëllt den Iran Stäerkt weisen an Zäite vum Krich mat den USA. 

Zënter 1979 war den Ali Khamenei den ieweschte reliéise Leader am Iran. 

Virum Begriefnis huet ee Spriecher vum iraneschen Ausseministère op en Neits déi westlech Ënnerstëtzung fir Israel an USA bei hirem Ugrëff op den Iran verurteelt. Et si keng europäesch Staatscheffen invitéiert.