D’Associatioun vun de Spidolsdoktere wier ni fir eng Kënnegung vun der Konventioun mat der CNS gewiescht. Dat seet Dr. Monique Reiff, d'Presidentin vun der MSH. Eppes änneren ze wëlle wier prinzipiell awer näischt Schlechtes. D’Vue vun der AMMD, datt de moderne Gesondheetssystem deels an enger veraalter Struktur hänkt, deelt d’Monique Reiff.
De liberale Kurs vun der AMMD wëllt d‘Associatioun vun de Spidolsdokteren awer net ganz matgoen.
"Keng Fronteverhäertung"
Si gesäit d’MSH net als Kontrahent vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun (AMMD), och wann dës gären emol géint d’Dokteren an de Spideeler klappt. Wichteg fir si wier, datt déi zwou Dokteschassociatioune sech elo net géigesäiteg fäerdeg maachen.
“Mir wëllen op alle Fall keng Fronteverhäertung, och net tëschent den Dokteschassociatiounen.”
Déi Ännerungen, déi d’AMMD ustrieft, wieren awer guer net duerch d’Konventioun gereegelt, mee iwwer ee Gesetz. Besipillweis kéint een de Problem vun de laange Waardezäiten, ier een e Rendez-vous bei engem Dokter kritt, och net duerch eng Ännerung vun der Konventioun léisen.
Wuesstem vun der Populatioun
D’Dr. Monique Reiff gesäit hei ee strukturelle Problem. Duerch den immense Wuesstem vun der Populatioun géifen et vill méi Patiente ginn. Den aktuelle Gesondheetssystem géif deem nëmme schwéier Stand halen.
D’AMMD strieft ee méi liberaliséierte Gesondheetssystem un a reprochéiert der CSV-DP-Regierung, sech net un hiren eegene Koalitiounsaccord ze halen.
Op d’Fro, ob si dat och esou gesäit, sot d’Monique Reiff, datt d’Legislaturperiod nach net eriwwer wier an een nach hoffe kéint. Dobäi wier de System och extreem komplex. De Gesondheetsminister oder d'Ministesch hätt bei all neier Legislaturperiode gewiesselt. Et bräicht seng Zäit fir sech an déi Dossieren eranzeschaffen.
Op der anerer Säit wier d’Medezin immens schnelllieweg. An hei kéim een net weider, well de Kader net flexibel wier. Dee Kader flexibel ze gestalte wier déi grouss Erausfuerderung.
De Wëllen ass do
De Wëlle wier do, esou d'Presidentin vun der MSH. Et hätt just jidderee seng ganz eege Vue wat de beschte Wee ass. Si plädéiert dofir, sech all zesummen un een Dësch ze setzen.
“Do, mengen ech, wier et gutt, wann all Vue um Dësch sëtzt an net vun enger eesäiteger Vue betruecht gëtt.”
Wat de Règlement grand-ducal ugeet gëtt Spidolsdoktesch ze bedenken, datt dëse manner flexibel wäert si wéi d’Konventioun. Deemno de Contraire vun deem, wat am Raum steet. Si hofft, datt dëst den Dialog tëschent der den Dokteschassociatiounen, der CNS an der Regierung nees an d’Rulle bréngt.
D’AMMD huet d’Konventioun mat der CNS Enn Oktober d’lescht Joer gekënnegt. Den Delai fir eng Mediatioun leeft bis muer. An engem internen Newsletter hat d’Dokteschvereenegung AMMD schonn annoncéiert, keng nei Konventioun mat der CNS ze ënnerschreiwen.