D‘Direktioun vun der Santé, de CGDIS, den Haut-Commissariat à la protection nationale a Meteolux warne virun Deshydratatioun an Hëtzschlag. Si recommandéieren, genuch Waasser ze drénken a vun 11:00 Auer moies u kierperlech ustrengend Aktivitéiten an der direkter Sonn ze evitéieren.
Wéinst der Hëtzt an der Dréchent warnt de CGDIS weider virun enger méi héijer Gefor vu Vegetatiounsbränn. D'Waasserverwaltung rifft d'Populatioun iwwerdeems dozou op, Drénkwaasser ze spueren.
92 Millioune Mënschen, virun allem a Frankräich, Italien a Spuenien, wieren Temperature vun iwwer 35 Grad ausgesat.
Frankräich virun nächster Hëtztwell
A Frankräich trëfft déi véiert Hëtztwell haut praktesch dat ganzt Land. Just de Norde bleift verschount. De staatlech Wiederdéngscht Météo France huet 78 Departementer wéinst der Canicule, ënner déi zweethéchst Warnung orange gestallt. Op ville Plaze gëtt et ëmmer nees Feier.
An engem Duerf bei Poitiers sinn dräi Mënsche bei engem neie Feier ëm d‘Liewe komm. Dat Feier war gëschter an engem Feld Mëtteg ugaangen. Gëschter Owend sinn zwou Läichen an engem verbrannten Haus zu Deux-Sèvres fonnt ginn.
De Moie mellt déi franséisch Gendarmerie, datt nach eng drëtt Persoun dout an deem Haus fonnt gouf.