Weltklimakonferenz

CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes: "D'EU soll méi bescheiden op der COP31 optrieden"

D’EU pocht drop, datt de Klima-Accord, wéi en 2015 zu Paräis ofgemaach gouf, och ëmgesat gëtt. Déi Positioun wëllt d’EU op der Weltklimakonferenz zu Antalya vertrieden. De Lëtzebuerger Ëmweltminister wëllt d’Ambitiounen net erofsetzen, seet awer, d'EU misst oppe si fir Kompromësser ze fannen.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Ëmweltminister Serge Wilmes | © Daniele Weber play_arrow
Ëmweltminister Serge Wilmes (Foto: Daniele Weber )

D’Länner misste sech op der nächster Klimakonferenz dozou engagéieren, d’Engagementer vum Paräisser Accord effektiv anzehalen, heescht et an enger Deklaratioun, op déi sech e Méindeg d’Ëmweltministeren vun de 27 EU-Memberlänner eens gi sinn.

Op der leschter Klimakonferenz, der COP30 a Brasilien, war et net zu contraignanten Engagementer komm fir aus der fossiller Energie erauszeklammen.

EU mat anerer Approche op Antalya 

Enttäuscht doriwwer hat sech deemools ënner anerem de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes (CSV) gewisen. 

"Déi leschte Kéier hate mir ganz grouss Erwaardungen a mir hu geduecht, datt mir als Europäesch Unioun géife genuch Gehéier fanne mat deem Wee, dee mir aschloen, well mir weisen, datt et méiglech ass. Dat ass awer net esou ausgaangen."

Dës Kéier wëllt d'EU anescht erugoen. Méi realistesch, an awer ambitiéis. Am EU-Pabeier gëtt ënnerstrach, datt de Klimawandel eng existenziell Bedroung fir d’Mënschheet, d’Ekosystemer an d’Biodiversitéit ass, an datt Transitioun ewech vu fossiller Energie, zentral ass.

Op der nächster Klimakonferenz, der COP31, muss geliwwert ginn, heescht et am Pabeier, mat deem d’EU op Antalya fiert.

Firwat sollt et dës Kéier anescht goen?

Amplaz nei Verspriechen ze maache muss séchergestallt ginn, datt déi aktuell Ziler och wierklech vun de Länner ëmgesat ginn. D’Vereenten Natiounen hu festgehalen, datt den Objektiv, deen zu Paräis fixéiert gouf, nämlech ze verhënneren, datt d’Äerd ëm méi ewéi 1,5 Grad méi waarm gëtt, net agehale wäert ginn.

Dowéinst misst elo dringend gehandelt an dofir gesuergt ginn, datt d’Emissiounen erofginn, esou den Appell vun de Ministeren. Dës COP misst eng Klimakonferenz vum Ëmsetze ginn, esou gëschter den EU-Klimakommissär Wopke Hoekstra. 

Déi leschte Kéier huet dat net geklappt, firwat sollt et dëst Joer anescht goen? 

D’EU wier besser preparéiert, seet dozou den Darragh O’Brien, den iresche Minister fir de Klima, d’Energie an d’Ëmwelt. Irland hat de Pabeier preparéiert. D'’Land huet den Ament d’EU-Presidence.

"D’EU ass besser preparéiert. Mir wäerte sécher och nolauschteren. D’Approche vun der EU ass dës Kéier eng aner."

Serge Wilmes plädéiert fir Kompromësser

D’Europäesch Unioun sollt méi bescheiden optrieden, fënnt iwwerdeems de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes.

"Et wier net gutt, wa mir nees isoléiert do stinn, wéi dat zum Deel déi leschte Kéier de Fall war. Mir musse kucken, datt mir eis kënne mat deenen aneren zesummen nees treffen."

Eppes wäert eng Partie vun deenen anere Länner, notamment déi méi aarm, net freeën. Am EU-Mandat si keng nei finanziell Engagementer virgesinn.

"Wat kloer ass fir d'Europäesch Unioun ass, dat net ze erwaarden ass vun de Rescht vun der Weltgemeinschaft, dat elo nach d'Länner aus der Unioun wäerte méi vun hiren ëffentleche Finanzen an dat Klimaaktioun investéieren, wéi dat wat se versprach hunn. An dozou sti mir och." 

Méi Suen zur Verfügung ze stelle wier deene meeschte Länner an der aktueller Wirtschaftslag net zouzemudden. Lëtzebuerg hätt selwer seng Klima-Finanzéierungs-Enveloppe fir fir déi nächst fënnef Joer eropgesat, dat op 320 Milliounen Euro, sot och de Serge Wilmes.

D’Klimakonferenz fänkt den 9. November un an dauert gutt zwou Wochen. Lëtzebuerg wäert do, wéi och zejoert, een eegene Pavillon hunn an déi zweet Woch vum Ëmweltminister Serge Wilmes vertruede ginn.

Lauschterenplay_arrow