Justiz

Business Register: 73 Gesellschaften hu géint d'RBE-Gesetz verstouss

73 Gesellschaften hunn hei am Land géint d‘Gesetz ronderëm de Regëster vun den effektive Beneficiairen RBE verstouss. Dat mellt de Parquet. D‘Verstéiss wiere bei Iwwerpréiwungen opgefall, déi de Parquet selwer an d‘Weeër geleet huet.

auto_stories

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

55 Gesellschaften hätten hir Jores-Compten net bannent dem virgeschriwwenen Zäitraum publizéiert. Ronn 20 hätte keng Autorisation d‘établissement gehat.

Bei weidere ronn 20 wieren d‘Informatiounen am RBE (Régistre des bénéficiaires effectifs) entweder net richteg, net komplett oder net aktuell gewiescht.