Och wann d’Finanzplaz vu London de Brexit iwwerstanen huet, huet si sech missten upassen.
Nieft de wirtschaftleche Konsequenzen huet de Brexit och d’Politik gepräägt.
Zënter dem Récktrëtt vum deemolege Premier David Cameron den Dag no der Ofstëmmung hu siwe Premierministeren zu Downing Street regéiert. En aachte Regierungschef soll an de kommende Wochen nokommen.
No aktuelle Sondage géif haut eng Majoritéit vun de Britte fir eng zeréck an d’Europäesch Unioun stëmmen.
Ronn 60 Prozent vun de Befrote géifen sech no deenen Ëmfroe fir e Retour an d’EU ausschwätzen.
Méi Explikatioune vun eiser Korrespondentin Marie Billon