Am Walkampf huet den aktuelle President Lula versprach Leit mat nidderegem Akommes ze entlaaschten. Säin Haaptgéigner bei der Wal wäert dee rietskonservative Senateur Flavio Bolsonaro ginn, de Fils vum Lula sengem Virgänger Jair Bolsonaro.
Fils vum Bolsonaro gëtt och vum Donald Trump ënnerstëtzt
Dee riets-populistesche fréiere President ass am Hausarrest wéinst versichtem Putsch. Säi Fils gëtt bei der Presidentewal ënner anerem vum US-President Donald Trump an dem argentinesche President Javier Milei ënnerstëtzt.