1.200 Hektar goufe scho vum Feier no bei Marseille zerstéiert.
Den Ament gëllt a sechs franséischen Departementer e ganz héije Risiko vu Vegetatiouns- a Bëschbränn. Vun Weekend u ginn elo och nees héich Temperaturen a Frankräich erwaart.
Geforen och a Portugal
A Portugal gouf am ganze Land eng Warnung wéinst héijer Gefor vu Bëschbränn deklaréiert.
Donieft gëllt eng rout Hëtztwarnung fir de gréissten Deel vum Süde vu Portugal, dorënner d‘Haaptstad Lissabon, wou um Donneschdeg bis zu 41 Grad gemellt sinn.
D‘Bëschbrand-Warnung a Portugal gëllt virleefeg bis e Méindeg. Dat erlaabt et den Autoritéiten, Mesuren ze huelen, dorënner de Verbuet vu verschiddene Maschinnen an der Landwirtschaft.