Ëm wéi eng Waffen et sech genee handelt ass net gewosst.
Eng Persoun gouf festgeholl
D‘Stopp, déi professionell ugeluecht war, soll en Depot vum russesche Geheimdéngscht gewiescht sinn.
Wéi et heescht sollten d‘Waffe fir russesch Agente geduecht gewiescht sinn déi an Däitschland operéieren. Esouwuel vun däitscher, wéi och vu russescher Säit gouf et keng Reaktioun op déi Informatioun.
Am Kontext mat dëser Affär soll am Hierscht eng Persoun a Rumänie festgeholl gi sinn.