A sengen Aen hätten nämlech déi véier Ugeklote Falschaussoe gemaach, wat d'Observatiounen op den deemolege Chef vun der Brigade mobile Ben Geiben ugeet. D'Strof fir de Pierre Reuland aus 1. Instanz sollt iwwerdeems confirméiert ginn.
Am Appellprozess geet et nach emol ëm Falschaussoen am 1. Bommeleeër-Prozess vun 2013 an 2014. Dowéinst war den Ex-Police-Generaldirekter Pierre Reuland am Februar an 1. Instanz zu 3 Joer Prisong mat Sursis an zu enger Geldstrof vu 5.000 € verurteelt ginn. Déi dräi aner Matbeschëllegt goufen iwwerdeems fräigesprach.
Tëscht Mee 1984 a Mäerz 1986 war et, virum Hannergrond vum Kale Krich, zu 20 Attentater op Infrastrukturen an ëffentlech Gebaier am Land komm; bis haut ass net gewosst, wien dofir verantwortlech war.