Atomenergie

Anti-Atomnetz Tréier: Atomzentral zu Cattenom wier net sécher virun Dronen

Eng aktuell wëssenschaftlech Etüd géif beleeën, datt et an de franséischen Atomzentrale gréisser baulech Secherheetslücke vis à vis vun Drone géif ginn. Dat schreift d'Anti-Atomnetz Tréier a warnt virun der Gefor vun Drone fir d‘Atomzentral vu Cattenom.

auto_stories

1 min

© EPA/OLIVIER HOSLET
(Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

Zu Cattenom kéinte modern Dronen ouni Problem d‘Mauere vum Gebai duerchbriechen, wou déi ofgebrannte Brennelementer gelagert sinn. Dat kéint katastrophal Konsequenzen hunn a méi Radioaktivitéit fräisetze wéi zu Tschernobyl.

Jee no Wiederlag misste grouss Deeler vu Lëtzebuerg, dem Saarland a Rheinland-Pfalz evakuéiert ginn.

D‘Anti-Atomnetz Tréier fuerdert d‘Regierunge vu Lëtzebuerg, Mainz a Saarbrécken op, datt si vun de franséischen Autoritéiten en direkte Stopp vun der geplangter Lafzäitverlängerung vu Cattenom verlaangen.