Gëschter eréischt war e Prisonéier am Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique verscheet. Dee 24 Joer ale Mann war zu Schraasseg inhaftéiert a war zënter den 11. September an der Psychiatrie zu Ettelbréck. Och an deem Fall gouf eng Autopsie ordonéiert.
Enger gutt informéierter Source no déit an dem Fall alles drop hin, datt et kee Friemverschëlde gouf.