Et gëtt Neies an der Affär ëm den Doutschlag vun engem 34 Joer ale Mann an der italieenescher Regioun Kalabrien. Den 22 Joer ale Rugby-Nationalspiller Domenico Orsino a säi Brudder waren an deem Kontext an Italie festgeholl ginn.
Brudder ass fräigelooss ginn
De Rugby-Nationalspiller ass weiderhin an Untersuchungshaft. Säi 24 Joer ale Brudder Umberto ass dogéint iwwer de Weekend erauskomm.
Hien hätt der Police e Freide gesot, datt säi Brudder Domenico, dem spéideren Affer an d’Gesiicht geschloen hätt. D'Affer wier du ferm mam Kapp um Buedem opgeschloen, ier d’Bridder hirer Wee gaange wieren. D’Autopsie vum Affer huet eng schwéier Kappblessur erginn.
Sträit no Disco-Openthalt
An der Nuecht op den 9. August war et zu engem Sträit baussent enger Disco komm. E Sträit, deen d’Affer net iwwerlieft hat. Déi zwee Bridder waren e puer Stonnen dono, op Grond vu Videobiller, festgeholl ginn.
Si hate fir haut e Vol zeréck op Lëtzebuerg gebucht. D'Reservatioun war awer schonn den 1. August gemaach ginn, spréch eng Woch virun de Faiten.