Merci fir d'Nolauschteren!

7.900 Nolauschter:innen pro Dag um Opus

7.900 Nolauschterinnen a Nolauschterer am Dag a 17.700 an der Woch: Esou vill Leit erreecht den Opus. Dëst sinn déi éischt Zuele vun eisem Klassiksender, deen zënter Dezember 2025 iwwer DAB+ ze empfänken ass.

auto_stories

3 min

Dës Zuele kommen aus der Trail-Etüd vun ILRES. Déi Etüd gouf tëschent de Méint Februar a Juni 2026 realiséiert. Normalerweis bestinn d'Zuelen aus zwou Wellen, aus deenen eng Moyenne gerechent gëtt. Well den Opus - esou wéi déi aner Digital-Radioen zu Lëtzebuerg - eréischt zënter Dezember ze empfänken ass, sinn dat elo déi éischt provisoresch Zuelen aus enger Well.

Mir soe Merci fir d'Nolauschteren!

Virop soe mir all eenzelner Nolauschterin an all eenzelem Nolauschterer ee grousse Merci! Et ass schéin ze gesinn, datt all déi Aarbecht, déi mir an den Opus gestach hunn, och dobausse bei Iech ukënnt! Et freet eis, déi Passioun mat esou ville Mënschen deelen ze kënnen.

Luc Boentges, Responsabele vum Opus

Zënter 2025 op DAB+

Musek, déi dech duerch den Dag begleet, mat engem Fokus op Lëtzebuerger Museker:innen: Um Opus fënns du klassesch Musek non-stop. Entdeck eis Live-Show an där dech de Lex Kauffmann all Moien ënner der Woch tëschent 9:00 an 12:00 Auer mat interessanten Theeme ronderëm déi klassesch Musek begréisst. Um Sonndeg kanns du e gemittlechen Ament mat der Emissioun Resonanzen verbréngen an ëmmer Méindes, Mëttwochs a Sonndes kanns du Live-Opname vu Concerten aus Lëtzebuerg an aus internationale Concertshaiser héieren.

Wat brauch ech fir den Opus um DAB+ ze empfänken?

Viraussetzung fir den Opus kënnen ze empfänke sinn:

  • En DAB+-fäegt Radiogerät (z. B. e Kicheradio, en digitale Wecker mat Radio-Funktioun oder och e klenge Radio mat Batterien)
  • En Auto mat engem integréierten DAB+-Empfänger (zënter dem 21. Dezember 2020 ass an all neiem Auto an Europa en DAB+-Empfänger agebaut. Bei méi alen Autoen ass et méiglech, en DAB+-Empfänger nozerüsten)

Wéi fannen ech den Opus?

Stell däi Gerät op den DAB+-Modus an a sich no de verfügbare Senderen. Wiel dann an der Lëscht den Opus 100,7 aus.

Den DAB+ huet generell e stabilt Signal. Trotzdeem kann den Empfang vum Ëmfeld ofhänken. Besonnesch bannen a Gebaier kann et z. B. duerch aner elektronesch Geräter an LEDen zu Stéierunge kommen. Fir den Empfang ze verbesseren, ginn et zwee Tipps:

  • D’Positioun vum Gerät änneren an et z. B. méi no bei eng Fënster stellen
  • D’Antenn ganz erauszéien a verschidden Ausriichtungen ausprobéieren

Keen DAB+? Kee Problem!

Mee och ouni DAB+ kanns du Klassik iwwerall erliewen: mat der App vum Opus, der App Radioplayer. engem Internetradio oder mat engem Smartspeaker. An an eiser Mediathéik fënns du dee Concert, dee grad an deng Stëmmung passt, d’Live-Show Harmonesche Moien fir nozelauschteren, Podcasten, Interviewen a Gespréicher ronderëm déi klassesch Musek. 

App Store

Google Play

Iwwert den Internet kann een direkt um Site www.opus.radio lauschteren.

Wann en Internetradio den Opus net fënnt, kann een dës Adressen (URL) aginn: